Schëffer a Fligere verschwanne matten am Mier, dat richt no deem berüümten Dräieck. De Bermudadräieck.

05/12/2019 Fluch 19: eng Geschicht aus dem Bermudadräieck

Sou richteg weess kee wat tëscht Süd-Florida, Puerto Rico a Bermuda am Atlantik lass ass. Gewosst ass awer datt sech vill Gedanken doriwwer gemaach gëtt; zum Beispill Geowëssenschaftler aus Japan, Däitschland an Amerika wëllen erausfonnt hunn datt an deem Däiwelsdräieck grouss Quantitéite Methangas existéieren. Dës kleng Blose kéinten zum Beispill Schëffer ënnergoe loossen an d'Elektronik u Bord ausser Gefecht setzen dorënner och de Kompass. Da gëtt et och nach ënner anerem d'Theorie vun elektromagnéitesche Felder déi en Afloss op d'Navigatiounsapparater hätten, oder déi vu risege Wellen. Eent ass sécher, e puer komesch Geschichten an deem Eck goufen an de leschte Jore festgehalen, dorënner och déi vum 5. Dezember 1945 wéi net manner wéi 5 Fligere verschwonne sinn. Mam Flight 19 wollt d'US Navy en Training mat 5 Torpedobombere fléie mat Depart zu Fort Lauderdale fir dann iwwert dem Mier Bommen aus niddreger Héicht falen ze loossen, eng Schläif ze fléien an dann zeréck op Fort Lauderdale ze fléien. Géint 14:10 haut viru 74 Joer huet den Training ënnert dem Titel Flight 19 ugefaangen, no 50 Minutten haten d'Piloten den éischten Deel vun hirem Training schonn hannert sech well iwwer Funk ze héiere war datt ee vun de Piloten d'Autorisatioun gefrot huet seng lescht Bomm erofzegeheien. Ma nëmmen eng Stonn méi spéit huet een éischt Komplikatiounen aus de Fligeren héieren, Kompasswäerter goufen ëmmer nees nogefrot an et war ee sech net sécher wou een dru wär. No villen onklore Messagë war kee Kontakt mat Flight 19 méiglech sou datt d'US Coast Guard zwee Fligeren iwwert den Atlantik schécke vun deenen 1 an der Loft explodéiert, eng Explosioun déi vun engem Tanker gesi ginn ass. Ausser Spuere vun Ueleg huet ee bis haut näischt vun deene 6 verschwonnene Fliger fonnt, gesicht gouf bis den 10. Dezember 1945.