A mer vermëttele méi domadder ewéi nëmme Wierder. Si verréit, wéi mer eis fillen a wat mer vun eisem Géigeniwwer halen.

06/12/2019 Eng Stëmm ass eenzegaarteg

 
En Toun ass Loft, déi ausgeotemt gëtt, an déi schwéngt, dat ass eng einfach Erklärung vun engem komplexe Prozess. Beim Schwätzen schaffen den Hals, d'Broscht, de Kapp an de Bauch koordinéiert zesummen, an den zentrale Nervesystem steiert alles. All Stëmm ass esou individuell ewéi e Fangerofdrock. D'Beweegungen vun der Zong, de Lëpsen, an de Gesiichtsmuskelen variéieren se. Am sougenannte Vokaltrakt entsteet den eenzegaartege Klang vun der Stëmm. Zesumme mat de Sproochmusteren an dem Tounfall gëtt dorausser eppes ewéi ganz Spezifesches.

Mat der Stëmm gëtt ee méi vun eis gewuer ewéi nëmmen d'Geschlecht an den Alter. Fuerscher hunn erausfonnt, dass een den Typ vu Perséinlechkeet erkennt, a wéi enger Bezéiung mer zu eisem Géigeniwwer stinn a wéi eisen emotionalen Zoustand ass. Wien nervös oder opgereegt ass, schwätzt zum Beispill méi héich a méi séier. Een deen traureg ass, ass och stëmmlech ouni Elan a schleeft se. Däitlech a kloer ass d'Stëmm bei Leit, déi zefridde sinn a sech sécher spieren. D'Stëmm seet och eppes iwwer d' Qualitéit vun der Bezéiung aus an där mer eis befannen. Bei Koppelen an enger Kris kann een um Tounfall erkennen, ob se erëm kënnen zesumme fannen oder net.

A well eis Stëmm esou vill verréit, ass se och fir Dokteren interessant: De Klang kann op Krankheeten hindeiten. Schonn den Hippokrates huet gemierkt, dass d'Stëmm sech verännert wann e Mënsch gesondheetlech Problemer huet. Wann een erkaalt ass, ass dat kloer, mä et klappt wéi et schéngt och bei Nerve-Krankheeten a psychesche Stéierungen. Depressiounen, ADHS, Autismus, Parkinson an Alzheimer, weise sech op déi Manéier, an zwar ganz charakteristesch. Typesch fir depressiv Leit ass, dass se lues an douce schwätzen, a vill Pausen maachen. ADHS-Patienten schwätzen lieweg, awer aus dem Rhythmus. D'Stëmm variéiert vill manner ewéi bei gesonde Leit; wat am Gehier net klappt, kann een un der Stëmm moossen. D'Krankheet schwätzt also mat.

Informatiker schaffen schonn u Computer-Programmen, déi Krankheete nëmmen sollen un der Stëmm erkennen. An Zukunft ass domadder ze rechnen, dass mer Diagnosen duerch Stëmm-Analysen, a net nëmmen duerch Blutt-Analyse kréien.