An de Comicen ass et ëmmer d'Bananneschuel déi um Buedem an op där een dann ausrëtscht. Mä déi Schuel huet awer nach ganz vill méi ze bidden wéi de Raoul Roos erausfonnt huet

09/12/2019 Bananneschuel matiessen 06h40

Eng Bananne soll den Här sech kafen, eng Bananne, esou heescht et schonn am Kréckelnéckel. Et geet do awer net dovu riets ob een d'Schuel da soll matiessen oder net.

Kalium a  Magnesium stiechen an enger Bananne, gutt fir Schanken an Zänn. Do dernieft sinn och eng jett Vitamin C dran. Dat ganzt a 95 Kalorien.

Mä zréck bei d'Schuel: et muss ee jo net direkt an d'Schuel bäissen. Et kann ee se awer an de Mixer geheien fir als Smoothie ze benotzen. D'Enner sollt een awer virdrun ofschneiden. De Goût an d'Konsistenz vum Smoothie géifen doduerch nëmmen liicht änneren.

Oder kommt mir baken Muffinen oder Banannebrout. Do soll een dann d'Schuel virdru kachen fir dass een se da mam Deeg verschaffe kann. Duerch d'kachen géif och d'Zellwand zerstéiert ginn an d'Nährstoffer kënnen doduerch méi liicht opgeholl ginn.

Am beschten dofir eegenen géifen sech Banannen, déi nach net ganz zeideg sinn.