Mat de Moudewierder ass dat esou eng Saach... mir benotzen se all, an dacks ouni weider driwwer nozedenken. Heiansdo wësse mer mol net wat se genee bedeiten. Haaptsaach et kléngt gutt. Zwee dovunner sinn "Nerd" a "Geek"... hutt der bestëmmt schon mol héieren, oder? A wien ass da lo wat? Michèle? 

12/12/2019 Nerd oder Geek?

Mat dëser komescher Begréissung huet virun 12 Joer eng vun den onwarscheinlechste Libesgeschichten am Serienuniversum ugefaangen... De sozialen Naturgesetzer no hätten den nerdege Physiker Leonard an dat schéint Penny ni duerfen eng Koppel ginn, allerdéngs waren et grad déi krass Verhalens-Géigesätz, déi der Sitcom hire Peffer geschenkt hunn.

De Leonard an seng Frënn waren déi richteg Stereotypen vun Nerds a Geeks: Gescheit Käpp, déi leidenschaftlech iwwer physikalesch Gläichungen a Comic-Superhelden diskutéiert hunn an sech mat hirem ongeschéckten Ëmgang wat d'Fraen ubelaangt géigesäiteg iwwertraff hunn...
Nerd a Geek ginn dacks als Synonym benotzt. Gemengt sinn awer ëmmer Persounen, mat engem iwwerduerchschnëttlech markanten Interessi. Allerdéngs gëtt et hei e ganz kloren Ënnerscheed, souwuel an der Bedeitung wéi och am Wiesen.

De Prototyp vum Nerd ass eng héich nonverbal Intelligenz, logesch-rationaalt denken an e besonnescht Talent wat Technik ubelaangt, en Techbrain, wa mer bei de Moudewierder bleiwe wëllen. En huet awer wéineg Gefill fir dat soziaalt Liewen a verhält sech anere Leit vis-a-vis och zeréckhalend an onbehollef.
De Geek dogéint, dee beschäftegt sech passionéiert an onmoosseg vill mat Computer, Science Fiction, oder anere Spezialinteressen, déi virun allem medial vermëttelt ginn. Fréier waren dat kulturell Nischen verstoppt vum Mainstream, haut sinn d'Superhelden aus de Marvel Comics Popkultur an am Internet fënnt ee Frënn a Gläichgesënnter wou een säi Fanräich deelen an austausche kann.

De Geek ass also den Enthusiast vun engem bestëmmten Thema oder Produit, an den Haaptinteressi beschränkt sech op d'Sammelen an d'Austauschen vun neier Merchandise aus dem Themeberäich wéi Mangas, Comics, Serien oder Marken wéi Apple oder Linux)

Den Nerd ass méi am akademesche Beräich ze fannen, sief et am naturwëssenschaftlechen oder geeschteswëssenschaftleche Beräich. D'Bezeechnung Nerd ass 1954 eng éischte Kéier mam Saz; A Nerkle, a nerd and a seersucker too vum Dr Seuss markéiert. Als typesch Nerd-Hobbies gëllen Schach, klassesch Museksinstrument, Programméieren a Liesen.

Hautzedaags ass et cool e bëssen nerdesch ze sinn, dat gesäit een och an der Moud, wou een sech schonn aleng mat engem décke Brëll den Touch vun e bëssen Nerdiness ka ginn.

Natierlech ginn et och weiblech Nerdinnen: Mathematikerinnen, Ingenieurinnen oder Wëssenschaftlerinnen, déi grad esou onsportlech oder almoudesch wierken an sech op Partyen net wuel fillen. Déi mussen allerdéngs méi Kompetenz beweise fir net als Mauerblimmchen duerchzegoen...