Et soll jo Leit ginn, déi verbréngen Chrëschtdag léiwer mat hirem Computer oder hirer Spillkonsol, wéi mat der Famill oder Frënn. Schliisslech huet ee seelen sou vill Zäit fir de ganzen Dag einfach nëmmen ze zocken. Ma ob ee gutt Chrëschtdagsiessen wëll dann awer keen sou richteg verzichten.

12/12/2019 Fir Gamer: Chrëschtdaags- Menu aus der Béchs

E briteschen Produzent fir Computerspiller versicht sech zanter 2013 och am Kachen, a verkeeft exklusiv fir d'Feierdeeg, ee ganzen Chrëschtdagsmenu an der Béchs. Dat huet ee sech séier waarm gemaach an et kann een no puer Minutten schonn nees hannert dem Ecran sëtzen, fir weider ze spillen. En Oflaf, dee vill Hardcore-Gamer wahrscheinlech all ze gutt kennen an ze schätzen wëssen, well all Minutt zielt.

Meeschtens gëtt et da vläit just eng Pizza aus der Tiefkühltruh oder Ravioli aus der Béchs.

Ma zanter puer Joer schonn muss een net méi op en festlecht Iessen verzichten. An sou enger Béchs ass nämlech direkt ee ganzen Menu dran. Well heeschen, dass vun der Entrée iwwert den Haaptplat bis bei den Dessert, alles an der Béchs iwwerteneen getässelt ass, sou dass ee vun uewen erof ufänkt mat iessen. Stack fir Stack schlëmmt ee sech also duerch de festlechen Menu.

Lass geet et dann zum Beispill mat der Omelette mat Speck, dann kënnt Paschtéitchen mat enger Fëllung aus Gehacktes an als Haaptplat Fleesch mat Wuerzelen an zum Ofschloss en Pudding.

"Christmas Tinner" nennen d'Produzenten hiert Fast Food-Chrëschtdagsiessen. Also ass et keen Christmas Dinner, mee een "Christmas Tinner". "Tin" heescht op Englesch Béchs. Ëmgerechent 2,30 Euro kascht esou en Menu.

De bëssen aneren Chrëschtdagsmenu ass an de läschte Joren sou beléift ginn, dass et elo ganz nei och eng vegetaresch oder vegan Optioun gëtt. Déi vegetaresch Variante besteet aus zwielef Schichten, wéi zum Beispill Paangecher aus Liefkuch, Veggie-Wirschtecher, ee Brot aus Nëss oder och nach en Chrëschtdagskuch.