An enger neier Etüd hu spuenesch Wëssenschaftler elo erausfonnt, dass Trapen lafen eist Liewen ëm e puer Joer ka verlängeren. Dofir hu se 4700 Fraen op e Lafband geschéckt, wou se 4 mol eng Trap hu missen eroplafen.

13/12/2019 Wien Trape geet, lieft méi gesond

Resultat vun der Etüd. De Risiko un enger Häerzkrankheet ze stierwen, ass bei den Testpersounen, déi dat ouni Problem gepackt hunn, 4 mol méi kleng, wéi bei deenen, déi Krämpes haten erop ze kommen. Domadder awer net genuch, och de Bluttdrock an d'Wäerter vum Cholesterol si bei de méi fitten Leit méi déif. Mëscht Sënn. Sech iwwerhaapt genuch beweegen, wier  ee vun den Haaptmesuren, déi ee präventiv kéint huelen, fir sech laangfristeg viru Krankheeten ze schützen.

Schonn zanter Joren beschäftegt sech d'Medezin mat de Beneficer, déi Beweegung fir eis Gesondheet mat sech bréngt. An et wier och wichteg, dass der Etüden weiderhin nach géingen gemaach ginn, fir genee ze verstoen, wéi eng Auswierkungen et op eis Gesondheet huet.

Hautdesdaags hu mir Mënschen et vill méi einfach, wéi eis Virfahren. Eist Liewen ass bequem ginn a grad dofir wier et immens wichteg, d'Leit ëmmer nees drun ze erënneren wéi wichteg Beweegung wier. Beweegung ass awer net direkt dat selwecht wéi Sport, mee soll automatesch mat an den Alldag agebaut ginn. 8000 - 10000 Schrëtt den Dag sinn ee Muss, ob een lo eng Statioun éischter mam Bus erausklëmmt oder Trapen amplaz de Lift hëlt.

Zousätzlech Sport maachen, wier natierlech ideal, ma et kéint een et awer och iwwer dréiwen. Ab engem gewëssenen Punkt, kéint een domadder dem Kierper nämlech méi schueden, wéi gutt ass. Ma dofir misst ee sech iwwert eng länger Zäit richteg verausgaben an och do ass et vun Mënsch zu Mënsch anescht. Et missten nach méi Etüde gemaach ginn.

Déi spuenesch Wëssenschaftler haten an hirer Etüd just Fraen ënnersicht, ma et wier awer nach keng Etüd eraus, déi géing beweisen, dass Beweegung beim Mann oder bei der Fra aner Auswierkungen op hir Gesondheet hätten.