Si selwer, Lukas Graham, soe se géinge Ghetto-Pop maachen. Kann ee sou stoe loossen; oder relativéieren datt hir Musek e Mix aus Soul, Funk, Hip-Hop a Pop ass. Och Lukas Graham ass a festlecher Stëmmung an huet e Lidd fir d'Feierdeeg opgeholl.

Jo Lukas Graham, déi Band bei där ee mengt et wier e Solo Projet, mä nee Lukas Graham ass den Numm vun der Band. De Sänger heescht och Lukas, awer Forchhammer mam Familljennumm. Grad ewéi de Lukas sinn och déi aner 3 Memberen, de Mark, de Magnus an de Kasper aus Dänemark, vu Kopenhagen. 2010 fänkt hir Geschicht un a spéitstens zënter Lidder wéi 7 Years, Drunk In The Morning, Mama Said a selbstverständlech Love Someone ass d'Grupp op der ganzer Welt bekannt. Mat Here (For Christmas) hu Lukas Graham dann och elo e Chrëschtdagslidd, mat enger traureger Geschicht; d'Lidd handelt et vum William, engem Frënd aus der Kandheet vum Sänger deen haut net méi lieft. Dee Frënd, de William, hat e Boot renovéiert a konnt et ni an d'Waasser loossen. Dat Boot ass eng Metapher fir all déi Saachen déi de Lukas mam William, respektiv mat sengem Papp, well och deen ass gestuerwen, nach maache wollt.