Réi, gekacht, ageluecht, oder souguer als Chips... Rout Rommel gëtt et an all méigleche Formen. Mat hirem liicht séissleche Goût an der ganz intensiver Faarf bréngt se och nach en Akzent a vill Platen. Mat 42 Kalorie pro 100 Gramm och nach perfekt fir ofzehuelen. Ma si kann och nach anescht iwwerzeegen, nämlech bei de Sportler, Michèle? 

16/12/2019 Superfood - Rout Rommel

Rout Rommele si voll wichtege Vitaminnen, Mineralstoffer an Antioxidanten. Fir Sportler sinn se virun allem wéinst hire regenerativen Eegenschaften interessant.
D'Rout Rommel hëlleft nämlech duerch d'Nitrater an de B-Vitamin de Muskel ze nieren a suergt fir eng besser Duerchbluddung vu Muskelen an Organer. Doduerch ginn d'Muskele mat frëschem Sauerstoff versuergt an de Kierper kann sech méi séier erhuelen.
Donieft suergt dat gesond Geméis derfir dass de Stoffwiessel op Héichtoure leeft, well kaum en anert Geméis huet esou vill Kalium a Magnesium. Doduerch kritt de Kierper méi séier Energie an de Waasserhaushalt an d'Nervereizleitunge si beschtens versuergt, esou dass een all Dag e puer Extra-Kalorie verbrauche kann. 
Ma och d'Ballaststoffer an der rouder Rommel kënne beim Ofhuelen hëllefen. Déi onverdaulech Faserstoffer quellen nämlech am Mo op an doduerch erhéicht sech den Nahrungsvolume esou dass ee méi laang sat bleift. Gläichzäiteg suergen se fir eng gesond Daarmflora an dat reduzéiert automatesch de Risk fir Häerzkreeslaferkrankungen a stärkt den Immunsystem, 
Rout Rommele ginn net fir näischt och natierleche Viagra genannt, well d'Nitrater am Geméis d'Stéckstoffmonoxidproduktioun ureegen an d'Duerchbluddung sech verbessert, wat och dem Mann sengem beschte Stéck zegutt kënnt.
Nieft de ville Vitaminnen ass och nach vill Eisen an der rouder Rommel, wat fir de Sauerstoff am Blutt gutt deet, den Zellen an dem Häerzmuskel. Dofir kombinéiert een d'rout Rommel am Beschte mat e bëssen Zitroun
Reduzéiert gëtt mam Geméis och nach d'Wahrscheinlechkeet vun enger Arteriosklerose, an engem Häerzinfarkt, de Cholesterolspigel geet erof a suergt derfir dass sech kee Fett oder Kallek an de Bluttgefäässer oflagert. 
Elleng schonn ee Glas Roude-Rommel Jus den Dag kann de Bluttdrock erofdrécken.
Folsaier bewierkt dass Dopamin ausgeschott gëtt, dee fir d'Glécksempfanne responsabel ass, also ass et och nach e Geméis dat glécklech mécht.