Virun allem Kanner huelen Schnéi gären an de Mond fir ze schmaachen. Eigentlech ass et jo näischt anescht wéi gefruerene Reen, ma wat geschitt eigentlech an eisem Kierper, wa mer Schnéi iessen an ass et geféierlech fir eis Gesondheet?

17/12/2019 Wat geschitt wa mer Schnéi iessen?

Fir d'alleréischt emol: Sou geféierlech, wéi an der Medezin, nach viru Joren ugeholl gouf, ass Schnéi iessen net. Et ass zwar net extrem gutt fir eise Kierper, ma kann awer réischt bei enger enorm grousser Quantitéit geféierlech ginn. Mee wisou eigentlech?
Éischtens mol hëlt de Schnéi op senger wäiter Rees vum Himmel op de Buedem toxesch Stoffer aus der Loft op. An och um Buedem ukomm, kommen de Knascht um Buedem an d'Ofgasen dobäi. Klengt net wierklech appetitlech.

Ma vill méi schiedlech wéi dat wat am Schnéi dran ass, ass, wat net dran ass. Schnéi ass quasi dat selwecht wéi distilléiert Waasser an enthält weder Mineralien nach Elektrolyten. Doduercher geet d'Quantitéit vun béide Stoffer am Kierper erof a kann am schlëmmste Fall eng Osmose verursaachen. Well heeschen, dass de Kierper Flëssegkeet verléiert. Dofir sollt een de Genoss vu Schnéi a Grenzen halen.

Dobäi kënnt och, dass de Schnéi engem säin Daarm dreift an een riskéiert Duerchfall ze kréien. Domadder verléiert de Kierper dann nach eemol zousätzlech Mineralien an Elektrolyten.

Sollt een dann awer eng kéier ze vill Schnéi giess hunn, da kéint een dat Ganzt duerch genuch Flëssegkeet an eng gesond Ernierung nees an a säin natierlecht Gläichgewiicht bréngen.