Gëschter Owend gouf et beim Dan Spogen an der Sendung LIVE! planet people op der Tëlee vill ze kucken. Schéin Biller vu Landschaften, vun Déieren déi et an Europa gëtt, an dat schéinst Gesiicht vun der Welt, an dat gehéiert engem Lëtzebuerger.

de Steve Rodrigues huet eréischt virun engem Joer säin éischten Fotoshooting gehat. Virun enger Woch war hien zu Istanbul an huet matgemaach bei der Sich nom Best Model of the world. Elo däerf e sech Face model of the world nennen.

14-12-2019 LIVE (1) Steve Rodrigues

de Laurent Schley ënnerstëtzt déi europäesch Mamendéierestëftung fir 270 Aarten an Europa ze repertoriéieren, an organiséiert dofir e Crowdfunding.
Hanner dësem Projet stécht genuch Aarbecht, well hien sicht zesummen mat senge Kollegen op enger Gesamtfläch vun 11.442.500km2. Mat deenen Donnéeën gëtt den Atlas vun den europäesche Mamendéieren gefiddert deen 2024 erauskënnt.

14-12-2019 LIVE (2) Laurent Schley

Vu Mäerz bis September huet de Guy Christen d'"Pacific Crest Trail" gemaach an huet domadder d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ënnerstëtzt. Am ganzen huet hien an 6 Méint 4.300km zeréckgeluecht an ganz niewebäi och nach 13.500.- Euro gesammelt.

14-12-2019 LIVE (3) Guy Christen

Et rentéiert sech wierklech déi ganz Sendung nach emol am rtlreplay no ze kucken, wann de se gëscht verpasst hutt. An den Owend um 18h30 gëtt se och nach emol op der Tëlee rediffuséiert.

EU Mammal Foundation
IBAN: NL84 INGB 0009 2528 90