Ween an d'Vakanz fléie wëll, sollt net nëmmen duerno kucken, wat een alles ka besiche goen. Et wëll ee jo och an engem Stéck erëm Heem kommen. Wee kee Risiko agoe wëll, kann elo online recherchéieren, a wéi enge Länner d'Rees am sécherste wier. De Jeff Rossler huet d'Detailer.

18/12/2019 Déi sécherst (an déi geféierlechst) Länner vun der Welt (nei)

D'Travel Risk Map weist dem User, wéi grouss de Risiko ass, jee nodeem a wéi ee Land ee reese wëll. Dat Ganzt ass e Projet vun "International SOS", der gréisster Firma, wann et ëm medezinesch Versuergung a Sécherheet beim Reese geet. D'Gefore sinn dobäi an 3 Kategorien agedeelt: medezinesch Versuergung, generell Sécherheet an d'Sécherheet am Verkéier. D'Kategorië ginn dobäi just mat Wierder wéi "héich" oder "niddreg" beschriwwen, bis op den Trafic. Bei deem gëtt gerechent, wéi vill Leit op 100.000 duerch Verkéiersaccidenter stierwen. Dobäi baséiert sech d'Kaart op vergaangen Evenementer an op d'Prognose fir d'Zukunft.

Wann et ëm d'Gesondheet geet, ass ee virun allem an Europa, Nordamerika, Australien an Neiséiland am séchersten. Plazeweis ass een a Südamerika oder Asien och nach gutt drun. Insgesamt ass de Risiko an Afrika am gréissten, well vill vun de Länner net genuch medezinesch versuergt sinn. Länner wéi Nordkorea, Venezuela oder Afghanistan schneiden awer änlech schlecht of.

Bei der genereller Sécherheet ass Europa erëm zimmlech gutt dobäi, virun allem Schwäiz, déi skandinavesch Länner an och Lëtzebuerg. Just am Oste ginn et nawell Problemer. Nordamerika, Deeler vu Südamerika an Australien hu just e klenge Risiko. Eng Rëtsch asiatesch an afrikanesch Länner sinn do éischter eng Gefor.

Am Verkéier ass een an Europa, Kanada an Australien am séchersten ënnerwee. An Amerika an Asien wier et och nach an der Rei. Just a Venezuela an Afrika ginn et déi meeschten Doudesfäll am Trafic, mat iwwer 25 op 100.000 Awunner.

Ween also sécher an d'Vakanz fléie wëll, weess lo ongeféier wouhinner e goe sollt. Wee léiwer eppes riskéiert, gëtt vum Recht awer och net ofgehal.

Wann Dir iech d'Kaart méi genee ukucke wëllt, da gitt op