Eng Rëtsch kulturell Attraktiounen kéinten an Zukunft net méi do sinn. De "World Monuments Fund" huet eng Lëscht eraus ginn wéi eng Kultur-Denkmaler dovunner betraff sinn a wat mat deene geschéie kéint. Méi huet de Jeff Rossler.

20/12/2019 World Monuments Fund: wéi eng Denkmäler sinn a Gefor

Et si just puer Méint vergaangen, zanter d'Notre-Dame am Abrëll gebrannt huet. Duerch Spenden a staatlech Ënnerstëtzung gëtt se dann och an den nächste 5 Joer erëm opgebaut. A ville Fäll gëtt et awer keng Méiglechkeet méi fir d'Denkmal erëm nei opzebauen.

Zum Beispill gëtt et am Kaukasus de Nationalpark "Tuschetien" dee sech iwwer 4 Biergdierfer erstreckt. Duerch d'Moderniséierung vun der Regioun sollt lo eng Strooss mëtten doduerch gebaut ginn. D'Bewunner hunn Angscht virum Massentourismus, deen hinne bevirstoe kéint. Am US-Bundesstaat Utah gëtt et eng Fielsformatioun mam Numm "Bears Ears", also Bieren-Oueren. Deen ass helleg fir d'Urawunner. Den Donald Trump wollt 2017 awer ronn 80% vun der Fläch reduzéieren. De "Worldwide Fund for Nature" misst do agräifen, fir d'Fielsen ze beschützen.

Mee et geet net nëmmen ëm d'Natur. An der Géigend vun der peruanescher Staat Cusco gëtt de Fluchhafen Chinchero gebaut. Dat ass net wäit vum Machu Picchu ewech. De Risiko besteet, dass ëmmer méi Touriste kommen an den hellegen Inka-Dall zerstéiere kéinten. Matzen an der Haaptstad vun der Mongolei steet den Tschoidschin-Lama-Tempel. Am Verglach zu der moderner Stad wierkt den Tempel scho bal antik an de WWF wëll hëllefen en ze erhalen.

Heiansdo sinn och normal Haiser eng Attraktioun. Am Usbekistan goufen di traditionell Haiser an der Stad Buchara 1993 zum Weltkulturierwen ernannt. Vill Awunner verloossen d'Stad awer, wouduercher d'Haiser riskéieren ze zerfalen. Genausou wéi Córdoba a Spuenien. Touristen besichen des Stad en masse, wéinst den Haiser an den Häff. Dat gëtt de Bewunner ze vill, se maache sech ewech an d'Stad verléiert u Liewen. Wee weess, wéi laang déi Monumenter do nach ze bestaune sinn?