Wien et op Silvester ganz bont gedriwwen hat, huet sech bestëmmt geschwuer "ni méi" ee Glas Alkohol unzepaken. Wiem "ni méi" awer ze laang ass, ka vläicht beim "Dréchene Januar" matmaache, Julie Dupont

03/01/2020 Den Dréchene Januar

An elo net direkt de Kapp rëselen a sech soen: Dat bréngt jo souwisou näischt! Dat stëmmt nämlech net. An de Choix fir beim Dréchene Januar matzemaachen, läit jo och bei jidderengem eenzel. Gezwonge gëtt natierlech keen. Wien sech awer den Challenge wëll setzen, muss näischt anescht maache wéi de ganze Januar iwwer keen Alkohol ze drénken. 

Déi 31 Deeg kënnen engem immens vill bréngen. Eleng schonn um kierperleche Niveau. Wann ee Mount laang keen Alkohol gedronk gëtt, hu virun allem d'Organer d'Geleeënheet sech z'erkréien. D'Liewer kann entfetten a gëtt dann och méi kleng, d'Schläimhait am Mo entspanen. Dat Organ, dat awer am sensibelsten op den Alkohol reagéiert ass d'Broschtdrüs. Dofir ass et virun allem fir Fraen wichteg opzepassen. Den Afloss vum Alkohol op d'Broschtdrüs erhéicht nämlech de Risiko fir Broschtkriibs. Mee och de Cholesterol an d'Harnsaier verbessere sech no engem Mount ouni Alkohol. Dat sinn alles Saachen déi een och bei enger Bluttanalyse moosse kann. An dir wäert et och spieren. No engem Mount ouni Alkohol wäert et Iech kierperlech vill besser goen, an dir wäert och besser schlofen.

Donieft kann esou ee Mount ouni Alkohol engem och weisen wéi eng Relatioun een zum Alkohol huet. Fält et mer schwéier oder net op d'Glas Wäin beim Iessen ze verzichten? Wiem dat eppes ausmécht soll dee Mount roueg notze fir sech mat sengem perséinleche Konsum vun Alkohol auserneenzesetzen. Do ass et dann och wichteg ze verstoen firwat, respektiv a wéi enge Situatiounen et ee stéiert näischt ze drénken.