D'Schivakanz ass fir vill Leit een Highlight vum Joer. Dobäi ass Éisträich eng vun de beléifte Wantersport Destinatiounen. Eng Ëmfro aus Éisträich weist, dass dës Vakanzen awer ëmmer méi deier ginn an dat net nëmme fir de Portmonni mee och fir d'Ëmwelt, Julie Mathes.

06/01/2020 Ski fueren gëtt ëmmer méi deier- och fir d'Ëmwelt

Dës Ëmfro ass fir 100 Schi-Gebidder an Éisträich gemaach ginn a vergläicht hei d'Präisser vun de Skipäss. D'Resultat weist, dass de Wantersport an de leschte Joren ëmmer méi deier ginn ass. Ee Grond fir d'Hausse vun dëse Präisser ass, dass verschiddene Schi-Gebidder vergréissert gi sinn. Dat bréngt mat sech, dass ee méi Piste-Kilometer an engem Schipass huet. Dat wierkt sech natierlech haaptsächlech negativ op d'Dagestouristen aus. Hei mussen d'Schifuerer méi deier bezuelen och wann et onméiglech ass an engem Dag dat ganzt Gebitt duerchzekréien. Kitzbühl läit hei op der éischter Plaz an ass mat 58 Euro fir een Dag dat deierst Schi-Gebitt an Éisträich. Ma och aner beléifte Schi-Géigenden, wéi Obergurgl, Sölden an Ischgl froen dëst Joer iwwer 300 Euro fir 6 Deeg Schi ze fueren. Esou Präisser goufen et nach ni.

Net ze vergiessen ass awer den Impakt vum Schi-Tourismus op d'Ëmwelt. Ëmmer méi Schi-Gebidder sinn nämlech ofhängeg vu Schnéikanoune fir déi optimal Pistebedingungen ze erfëllen. Dobäi huet d'Unzuel vu Schnéikanounen sech zanter 2007 verzéngfacht a sou ginn eleng an Éisträich 30.000 Schnéikanounen agesat. Hei gëtt den negativen Impakt op d'Ëmwelt staark kritiséiert. Haaptsächlech den héije Waasser- an Energieverbrauch deen dës Schnéikanounen brauchen.

Et ginn awer dann och déi puer Destinatiounen, déi keng Schnéikanounen benotzen. Dëst bréngt mat sech, dass des Schi-Gebidder net sou vill Piste-Kilometer hunn awer duerfir och vill méi bëlleg sinn. Ee Beispill ass Weyregg am Attersee, wou een nëmmen 18 Euro fir en Dagespass bezilt.

Och wa verschidde Schi-Destinatiounen sech druginn den Ëmwelt-Mesuren nozekommen, ass am Schi-Tourismus dach e grousse Manktem un Nohaltegkeetsinitiativen ze erkennen.