Iwwert dëse Mann ass am Fong alles gesot; vum Gebuertsdagslidd fir seng Mamm dat hien zum Star gemaach huet, bis zum Kackuette-Botter deen hien a Kiloen eragefeiert huet! Den Elvis Presley, en huet wierklech sou geheescht, koum den 8. Januar 1935 op d'Welt a bis haut konnt keen hie vum Rock'n Roll Troun stoussen, Marie Gales.

08/01/2020 De King of Rock'n Roll hätt haut 85 Joer kritt!

© afp

Wéi den Elvis de 16. August 1977 onerwaart gestuerwen ass, sot de amerikanesche President Jimmy Carter, dass säin Doud dem Land e Stéck vu sech selwer géif ewech huelen, eenzegaarteg an onersetzlech wier den Elvis.
42 Joer hat den Sänger wéi hien zu Graceland zu Memphis am Tennessee gestuerwen ass; seng Frëndin Ginger Alden hat hien dout am Buedzëmmer fonnt. De Schock war riseg an 1000ende Fans waren derbäi wéi hien 2 Deeg drop begruewe gouf.

Ufanks huet et geheescht hie wier un enger Häerzerkrankung gestuerwen, du gouf gesot duerch ze vill Medikamenter an eng lescht Autopsie schwätzt vun enger schwéier chronescher Daarmerkrankung, déi schold wier, dass dem Elvis säin Häerz stoe bliwwen ass.
Sou oder sou, den Elvis hat mat sengem Doud seng Fans op der ganzer Welt a Schock versat. Hire King of Rock'n Roll, dee Mann, deen dëse Genre Musek der Welt bruecht hat, war net méi do!

Et gouf keng Autobiographie iwwert de Superstar oder soss Dokumenter, déi sech mam Personnage, also dem Mann hannert dem Museker  beschäftegt hunn. Hie huet sou gutt wéi keng Interviewe ginn an huet all Gespréich dat méi déif sollt goen, iwwert Privatliewen oder politesch Haltung zréck gewisen. Talkshowe waren him friem, grad sou grouss Eventer wéi Präisgalaen oder Prominentepartien.
Hie gouf éischter op Concerten vu Kolleege gesinn, war op Footballspiller oder Karateturnéier, dëst ëmmer staark entouréiert vun enger ganzer Ekipp aus Mataarbechter an ale Frënn, déi an der Press als „Memphis Mafia“ bezeechent gouf.

Ma den Elvis war net eleng Musek, mä och Filmer, och wa sech agefleeschten Elvis-Fans domadder ganz schwéier dinn. Nodeems hien Ufank der 1960er Jore no sengem Militärdéngscht an Däitschland zréck an d'USA koum, huet hie missten agesinn, dass sech d'Rock-’n’-Roll-Ära verännert hat. Rockege Popsound war éischter ugesot, deen a Filmer déi Zäit dacks ze héiere war.
Den Elvis konnt op den Zuch opsprangen an huet an engen 30 Filmer matgespillt, virun allem liichte Musekskomedien.

Vun 1969 bis zu sengem Doud 1977 hat den Elvis ronn 1100 Concerte ginn, virun allem iwwer 800 Optrëtter am International Hotel, haut Westgate Las Vegas Resort & Casino zu Las Vegas. Säi bekanntste Concert 'Aloha from Hawaii' zu Honolulu gouf 1973 als éischte an x Länner per Satellit live iwwerdroen, als kleng Entschiedegung well den Elvis sou gutt wéi keng Concerten baussent den USA ginn huet. Iwwert eng Milliard Mënsche sollen dëse Concert an iwwer 40 Länner suivéiert hunn.

Haut fir de 85. Anniversaire vum King kann een den Owend am Kinepolis ''Elvis : That’s The Way It Is'' kucke goen. De Museks-Documentaire weist de King op engem vu senge legendaire Concerten am Las Vegas International Hotel, am Summer 1970.
De Realisateur Denis Sanders weist do awer och d'Preparative vun dëser Show, d'Versioun vun 2000 gouf komplett iwwerschafft a nei gemixt am Dolby Digital. E Must fir all Elvis Fan!

Och no sengem Doud war mam Elvis Presley vill Geld ze verdéngen, méi wéi eng Milliard mol gouf seng Musek verkaf an hien zielt domadder zu kommerziell erfollegräichste Solokënschtler weltwäit. 

A fir dass d'Undenken un den Elvis och weidergeet, suergen seng Duechter Lisa Marie Presley an d'Priscilla Presley, seng Fra.