Net nëmmen am Alldag spillt Nohaltegkeet eng Roll. Spéitstens zanter leschtem Joer kéint ee sech mol Gedanken, wéi een méi nohalteg an d'Vakanz ka goen.

08/01/2020 Nohalteg an d'Vakanz goen

Reesen mam Zuch oder mam Elektro-Auto si voll um Kommen. Zwar brauch een dofir deelweis vläicht méi laang Zäit, fir unzekommen, an et muss ee sech éischter op Europa beschränken. Ma dofir kritt een awer eenzegaarteg Vuen gebueden, déi een soss vläicht ni gesinn hätt.

© Pixabay

A genee op deen Zuch sinn d'Schwäizer opgesprongen. Zanter leschtem Joer bitt d'Schwäiz Touristen d'Méiglechkeet en Roadtrip mam Elektroauto ze maachen. Wéi ee fuere muss a wou een säin Auto nees opluede kann och, kritt ee virum sengem Depart matgedeelt.  300 Elektrostatiounen ginn op der 1970 kilometerlaanger Streck. An déi féiert ee laanscht gréng Wisen a Bëscher mat impressionanten Bierger am Hannergrond oder och laanscht d'Wäibierger zu Montreux, déi direkt beim Genfer Séi leien, an wou een eng eenzegaarteg Vue eriwwer a Frankräich huet.

© Pixabay

An och déi skandinavesch Länner si Virreider a Saachen Nohaltegkeet an wéi een trotz all deem ëmweltfrëndlech reesen kann. Mam Zuch duerch schwedesch Stied, laanscht norwegesch Fjorden oder duerch déi schéi Wanterlandschaften am Lappland. A wien wollt net schonn ëmmer eng Kéier d'Nordliichter afänken.

A Spuenien besteet net nëmmen aus der Ramblas zu Barcelona oder dem Ballermann zu Mallorca. Et kann een och am gielen Zuch mat Vintage Charakter d'Pyrenäen kenne léieren. Ënnerwee gëtt een ëmmer nees op impressionnanten Plazen erausgelooss, wou een dann zu Fouss weider trëppelen kann.

© Pixabay

Beim nohaltegen Reesen geet et virun allem och drëm sech nees méi an der Natur opzehalen an ze genéissen wat d'Natur engem ze bidden huet. "Glamping" ass voll am Trend. Et campéiert een zwar, ma dat awer mat engem gewëssenen Confort. Et brauch een weder en Zelt mat ze bréngen nach um haarde Buedem ze schlofen. Awer alles mat engem nohaltegen Hannergedanken. Regional Kichen, Zero-Waste Politik an am beschten soll ee sech op der Plaz entweder zu Fouss oder mam Vëlo weider beweegen. Och ëmmer méi Eco-Hoteller maachen hier Dieren uechter Europa op, wéi zum Beispill an der Toskana oder op Sizilien. Ma och an aneren Géigenden wéi Griicheland, Spuenien oder och nach Portugal.

A wann een u Mier denkt, dann denkt een och gär mol un en Dag um Boot. Et muss jo net ëmmer direkt dat grousst Croisièresschëff sinn. Et ginn och méi kleng a virun allem méi nohalteg Méiglechkeeten. Wéi wier et da mol mat Segelen. Zu Ibiza huet sech elo eng gréng Beweegung gegrënnt, déi engem Segeltrips ubitt, wou een entweder een Dag laang op Inselen niewendrun, wéi Formentera, fuere kann oder och eng ganz Woch laang um Boot wunnt an Ibiza vum Waasser aus genéisst.