Wéi et schéngt ass dat eng besser Iddi ewéi Müsli. Well ganz einfach manner Zocker dran ass.

08/01/2019 Scho moies Pizza?

Wien hätt dat geduecht? Et ass wéi et schéngt besser moies e Stéck Pizza ze iessen ewéi eng Schossel Müsli.

D'Chelsey Amer ass eng bekannt amerikanesch Nutritionnistin. Si seet: Pizza kann déi besser Alternativ sinn. Am Müsli ass ganz dacks gedréchent Uebst ze fannen a Schockela, an domatter och e ganze Koup Zocker. Och Cornflakes hu scho bei der Stiftung Warentest net gutt ofgeschnidden wat den Zocker-Gehalt ubelaangt. Deelweis si bis zu 18 Gramm Zocker an enger Portioun, en Erwuessenen sollt awer net méi ewéi 25 Gramm de Dag zou sech huelen.

© Pixabay

Pizza dogéint wier déi méi balancéiert Mëschung aus Kuelenhydrater, Proteinen a Fetter. Méi Fett a manner Zocker féiert dozou, dass ee keen Zocker-Crash kritt. D'Eewäiss suergt dofir dass mer méi laang sat bleiwen an iwwert den Dag manner iessen. Pizza sollt allerdéngs net all Dag um Moies-Dësch stoen, wëll et wier trotzdem nach ëmmer Junk-Food. Méi gesond wier zum Beispill e griichesche Jughurt mat Uebst. Do si vill Proteinen dran  a Kalzium.