Firwat Leit op Mëllech verzichten, huet ganz ënnerschiddlech Grënn. Vill Leit wëllen allgemeng op Déiere-Produite verzichten a klammen dann op planzlech Alternativen ëm. Ëmmer méi Leit hunn awer allgemeng Problemer mat Mëllechproduiten. Wiem et do schwéier fält ganz op Mëllech ze verzichte kann déi nei A2 Mëllech probéieren. Wat dat genee ass, a wéi bekëmmlech se ass, weess d'Julie Dupont.

08/01/2020 A2: eng besserZort Mëllech?

 Se kléngt zwar vum Numm hir éischter chemesch, ass awer och vu Kéi. Méi genee vun A2 Kéi. D'Begrëffer A1 an A2 bezeechne wéi vill Kasein an der Mëllech ass. Kasein ass eng Mëschung aus verschiddene Proteinen an hëlleft, dass zum Beispill de Kalzium an de Phosphat an der Mëllech kënnen transportéiert ginn. Dat ass wichteg fir d'Källefche vun der Kou. Nëmmen esou kommen déi wichteg Stoffer och beim Kallef un.

A bei eis soll de Kasein an der A1, also der normaler Mëllech, Problemer maachen kënnen. Do entsteet beim Verdauen ee Peptid deen BCM-7 heescht. Bei der A2 Mëllech entsteet deen awer net. An duerch dee Peptide solle verschidde Leit dann alt emol Problemer hunn no engem Glas Mëllech.

Wien do drop da keng Loscht huet, an net op seng Mëllech wëll oder ka verzichte, kéint et dann mat der A2 Mëllech versiche. Et gi nämlech verschidde Kourassen déi vu sech aus A2 Mëllech produzéieren. D'Brown-Swiss oder d'Jersey Kou gehéieren do derzou. Fréier sollen iwwregens all Kéi A2 Mëllech ginn hunn. Duerch Ziichtungen huet sech awer d'Quantitéit an d'Zesummesetzung vun de Proteinen an der Mëllech verännert. Dofir gëtt des "nei" Mëllech och alt "Ur-Mëllech" genannt. Interessanterweis gëtt d'Mëllech vu Mënsch, Schof, Geess oder Büffel och als A2 Mëllech bezeechent.

© pxhere.net CC0

Op der Säit vun den A2 Produzente liest een och ëmmer erëm dovun, dass dës Mëllech dann däitlech besser verdroe gëtt vu Leit déi Problemer hu mat normaler Mëllech. Et goufen och eng Rei Etüden iwwert d'Virdeeler vun der A2 Mëllech gemaach. D'Resultater ware villverspriechend. Sou sollt A2 Mëllech esou guer ee positiven Afloss op d'Gehiraktivitéiten hunn. D'Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet huet des Behaaptungen och genee ënnersicht. Hiert Urteel war awer, dass se keen gesondheetleche Benefice konnte sécher feststellen. Awer och kee Schued. D'A2 Mëllech ass awer ee Nische-Produit, an deementspriechend och méi deier. Wien also d'A2 Mëllech wëll probéieren a bereet ass de Präis ze bezuelen, schued sech op mannst net domat.