Tippi Hedren! Den Numm seet deene mannsten eppes, an awer war si de Star an 2 Alfred Hitchock-Filmer; Birds a Marnie! Si ass och d'Mamm vum Melanie Griffith an d'Bomi vum Dakota Johnson, allen 2 och Actrice. 90 Joer feiert haut d'Liiblingsblondine vum Hitchcock; et gouf souguer e Film doriwwer gedréint ''The girl'' mam Sienna Miller an der Roll vum Tippi Hedren. D'Marie Gales erënnert un déi amerikanesch Actrice.

19/01/2020 An 100 Sekonnen: Tippi Hedren feiert 90 Joer

X mol hätt hien déi klaustrophobesch Szen an där Tippi Hedren um Späicher steet an vun de Villercher ugegraff gëtt, dréinen gelooss an dat och mat richtege Villercher, net wéi geplangt. Aus Strof, well si net op dem Regisseur seng Avancen agaangen ass. Um Schluss hätt hien hire Ruff zu Hollywood ruinéiert an hir Carrière goung d'Bach erof. Trotzdeem op hir 2 Filmer wier si haut nach houfereg, virun allem 'Marnie', dee weist dass en traumatescht Erliefnes e ganzt Liewen negativ beaflosse kann.

Den 19. Januar 1930 koum si als Nathalie Kay Hedren op d'Welt a gouf e vill gefrote Mannequin ënnert anerem fir Tëlevisiounsreklammen. No der Hitchcock-Phase war si just nach a vereenzelte Filmer ze gesinn, ënnert anerem engem Charly Chaplin vun 1967 ' A Countess from Hong Kong'.

Och a verschidde Serien ass si opgetrueden, ma et ware virun allem hir Duechter a méi spéit hir Enkelin, déi sech e méi groussen Numm am Filmbusiness konnte maachen. D'Melanie Griffith mat 'The Bonfire of the Vanities' oder 'Working Girl' an dann och duerch hir Bestietnesser mat Antonio Banderas an Don Johnson. Hir gemeinsam Duechter Dakota Johnson kennt ee virun allem duerch d'Film-Trilogie 'Fifty Shades of Grey'.

An der Géigend vu Los Angeles wunnt d'Tippi Hedren am 'Shambala-Reservat mat enge ronn 50 Léiwen, Pantheren, Tigeren e Geparden zesummen, déi vum Zoo oder Privatbesëtzer verstouss goufen.