All Joer gëtt de nationalen Zenter fir Monumenter a Frankräich Zuelen eraus, wéi vill Visiteuren am Joer bei de gréissten Attraktiounen a Frankräich passéieren. An och 2019 war nees e Rekordjoer.

08/01/2020 Frankräich: Wat sinn d'Touristen 2019 am meeschte kucke gaangen?

Frankräich, seng Kultur, d'Landschaften an och seng Monumenter zeien all Joer Milliounen vun Touristen aus der ganzer Welt un. Wien wollt net schonn ëmmer eng Foto virum 324 Meter héijen Tuerm aus Stol maachen. Den Eiffeltuerm ass d'Symbol vun franséischer Haaptstad Paräis. Ma och déi helle Wull u Kierchen, Kathedralen a Schlässer zitt all Joer ëmmer op e neits Touristen un.

9,9 Milliounen Mënschen hunn sech dat läscht Joer a Frankräich Monumenter ugekuckt. Zwar ass dat eng minimal Baisse am Verglach zum Joer 2018, ma et géing een awer nach ëmmer vun engem Rekordjoer schwätzen, sou de nationalen Zenter fir Monumenter a Frankräich. Ëmmerhin sinn d'Zuelen vun de Visiteuren, déi soss bei der Kathedrale Notre-Dame passéiert sinn, 2019 ewech gefall.

© Pixabay

Un der Spëtzt vun de meescht besichten Monumenter a Frankräich ass den Arc-de-Triomphe um Ënn vun der weltberüümter Champs-Elysées. 1,6 Milliounen Visiteuren sinn hei 2019 passéiert. 1.4 Milliounen waren et beim fréiere Klouschter zu Mont-Saint-Michel an der Normandie. Op enger klenger Insel leit dat weltberüümten Klouschter, dat als eent vun den schwéiersten an käschtespillegsten Bauprojeten am Mëttelalter bekannt ginn ass.

© Pixabay

Plaz 3 geet un de Panthéon zu Paräis an och Plaz 4 bleift an der franséischer Haaptstad mat der Paräisser Conciergerie. D'Gebailechkeeten gehéieren zum "Palais de la Cité" an ginn vun der Justiz genotzt.

© Pixabay

Ma och ausserhalb vu Paräis ginn et vill Monumenter, déi Touristen unzéien. Virun allem Schlässer sinn immens beléift, wéi d'Schlass vu Carcassonne oder vun Angers.