Dacks gëtt behaapt, dass een un engem Proteinmangel leid. Mee wat ass dat am Fong a wat sinn d'Ursaachen hei? Julie Mathes.

09/01/2020 U wat mierkt een dass een net genuch Proteinen ësst?

Mir brauche Proteinen fir ze iwwerliewen. E Mangel kann hei also gravéierend Konsequenzen fir eis Gesondheet hunn. Déi typesch an opfälleg Unzeechen sinn zum Beispill brécheg Fanger- an Zéiwenneel, eng schlecht Haut ma och dënn an dréchen Hoer kennen op e Mangel vu Proteinen hiweisen. Dat alleng ass awer nach net Beweis genuch fir op en akuten Proteinmangel ze schléissen. E weidert Unzeechen ass zum Beispill d'Waasser wat sech am Kierper usammelt. De Kierper brauch nämlech Proteinen fir d'Waasser an de Bluttgefäässer ze halen. Wann een hei also e Mangel huet, da fléisst d'Waasser aus de Gefäässer an huet als Konsequenz geschwollen An oder och déck Been.

Dass een net genuch Proteinen ësst mierkt een awer och dorun, wann ee schnell midd gëtt a wann d'Energie engem einfach feelt. Duerch e Proteinmangel schrumpft nämlech och eis Muskulatur an eis feelt dacks d'Motivatioun fir eis ze beweegen. Dëse Mangel kann awer och als Konsequenz hunn, dass ee bemol akut Honger kritt an immens Loscht op Séissegkeeten huet. Dat féiert dann natierlech rëm dozou dass ee séier bäihellt.

Wat kann een da lo maachen fir sou ee Mangel ze vermeiden? Ma et soll een op mannst all Dag 1,2 bis 2 Gramm Eewäiss zou sech huelen. Dëst kann a Form vu Mëllechproduiten sinn oder wann ee Fleesch a Fësch ësst. Fir Vegetarier a Veganer ass et heiansdo méi schwiereg genuch Proteinen ze iessen. Ma dat soll et awer net sinn. Et ginn nämlech genuch planzlech Produiten, déi Eewäiss enthalen. Sou soll zum Beispill Quinoa oder Vollkornproduite räich u Proteinen sinn. Awer och Gromperen a Lënsen sinn extrem wichteg Proteinquellen a solle vu Vegetarier oder Veganer reegelméisseg giess ginn fir e Proteinmangel ze vermeiden.