Opgepasst! Och an der Vakanz laueren iwwerall Keimer. Ob dat am Fliger, am Bus oder souguer am Hotelszëmmer ass. Ma zemools hei laueren déi meescht a si kenne souguer krank maachen. Julie Mathes.

09/01/2020 Wou verstoppen sech déi meeschte Keimer am Hotelszëmmer

Ob dat am Luxushotel oder an engem zwee-Stären Hotel ass, déi kleng Keimer sinn iwwerall. Et mengt ee jo, dass hei all Dag gebotzt gëtt an duerfir keng Bakterien méi do sinn. Ma Etüde weisen awer, dass Hotelszëmmere voll mat Keimer sinn. Déi meescht fënnt een anscheinend am Lavabo an op der Fernsteierung. Hei si souguer an engem fënnef-Stären Hotel ronn 2 Millioune verschidden Zorten vu Keimer op enger eenzelner Fernsteierung fonnt ginn. Dobäi soll een net ënnerschätzen wéi vill sech un engem Hotelstelefon usammelen.

Dës Etüden hunn also erausfonnt, dass en Hotelszëmmer tatsächlech méi dreckeg ka sinn wéi bei engem doheem a souguer och méi wéi am Fliger. Een Typ, deen d'Mikrobiologen hei ginn, ass dass een an der Vakanz reegelméisseg seng Hänn wäsche soll. Egal wou een higeet soll een dann och en Désinfectant dobäi hunn fir déi Plazen wou d'Keimer sech am léifsten usetzen, propper ze maachen. Wann een dëse puer einfachen Tipps nogeet, kann een Krankheeten an der Vakanz gréisstendeels aus de Féiss goen.