Sech beweegen an dobäi nach Leit begéinen. Wat beim jogge geet, geet och beim Danzen. Dernieft ass et och gutt fir de Kapp.

09/01/2020 Ofhuelen duerch danzen

Wéi kann et sinn dass Danze gutt fir eist Gehir ass?
Wien scho mol an der Danzschoul war, dee weess wéivill verschidden Dänz et ginn a wéi d'Schrëtt vun Danz zu Danz variéieren.
Do kann et scho mol sinn dass een uerdentlech an d'Schweesse kënnt eleng beim iwwerleeë wéi e Schratt dann elo als nächst kënnt.
De Prof. Ingo Froböse vum däitschen Institut für Bewegungstherapie betount an enger Etüd dass dat ganzt sech awer lount an dass et d'Méi wäert ass.

Danzen wier eng mental Erausfuerderung bei där net nëmmen de Kierper, ma och d'Gehir trainéiert gëtt. E Cours an enger Danzschoul vun nëmme 6 Méint kéint z.B hëllefen, d' Opmierksamkeet an d'geeschteg Flexibilitéit ze verbesseren. Leeschtung vum Gediechtnes geet an d'Luucht, an duerch reegelméissegt danzen geet de Risiko eng Demenz ze kréien erof.

Och d'Gläichgewiicht gëtt trainéiert.

Positive Plus un der Saach. Wien danzt ass méi glécklech. Et léiert een ënner Ëmstänn nei Leit kennen mat deenen een duerch dee selwechten Hobby séier an d'Gespréich kënnt.
De Kierper schëtt bei de Beweegunge vu Walzer Salsa a Co eng ganz Partie u Gléckshormoner aus. Dopamin an Endorphin. Viraussetzung ass awer dass d'Musek engem och gefält.