Wann alles net nëmme gutt, mee perfekt muss sinn, dann huet een et gäre mat engem Perfektionist ze dinn. Ee Feeler ze maachen, oder wann eppes schif leeft ass fir esou Leit mat dat Schlëmmst iwwerhaapt. Mee wéi wäit kann an däerf dat goen? D'Julie Dupont iwwert Perfektionismus dee ka krank maachen.

09/01/2020 Wa perfekt sinn onglécklech mécht

An der Psychologie gëtt de Perfektionismus gemenkerhand an zwou Kategorien ënnerdeelt. Et kann een nämlech perfektionistesch sinn andeems een u sech selwer héich Uspréch stellt oder et strieft een eng perfekt Uerdnung an Organisatioun un. Dëse Perfektionismus ass also op déi eege Persoun bezunn a gëtt am däitschen och "perfektionistisches Streben" genannt.

De Géigendeel vun dem ass wat als "perfektionistische Besorgnis" bezeechent gëtt. Do strieft een zwar och duerno deen oder dat Bescht ze sinn an engem Beräich, mee soubal ee Feeler geschitt, stellt een alles a Fro. Virun allem awer sech selwer an déi eege Leeschtung. Zousätzlech brauchen dës Leit konstant Bestätegung vu Leit am Ëmfeld, sief dat op der Aarbecht oder privat.
Esou een ongesonde Perfektionismus ka sech och zum Beispill bei Patiente mat Magersucht weisen. D'Striewe nom perfekte Kierper, a sech  selwer veruechten an dann deels och strofe wann een et net packt. Doduerch leiden esou Perfektioniste gären ënner Depressiounen, Suizidgedanken a Burn-Out. An esou Fäll vu krankhaftem Perfektionismus ginn ëmmer méi heefeg.

De Grond heifir läit an eiser Gesellschaft. Ëmmer méi gëtt d'Leeschtung vum Eenzelnen an de Virdergrond gesat. Wien näischt leescht, dee bréngt och näischt. An am Beschten muss een direkt an e puer Beräicher ganz uewe stoen. Esou Iwwerleeunge gesäit een dann och scho bei klenge Kanner. Dacks sinn do d'Elteren eng dreiwend Kraaft. Well wéi vill Kanner léiere fräiwëlleg nieft der Schoul nach 4 Sproochen, spillen en Instrument a maachen dann nach Sport op Spëtzeniveau? 

Et kann een awer eppes géint de perfekten Zwang maachen. Et muss een erkennen, dass een, wéi all anere Mënsch och, duerchschnëttlech ass an net an allem ka perfekt sinn. An, dass dat och an der Rei ass. Fir ee krankhafte Perfektionist ass awer genee dat immens schwiereg. Fir aktiv drun ze schaffen ass et dofir och am Beschte sech mat engem Psycholog oder Psychiater auszetauschen.