Ufank Januar - Zäit säi Congé fir d'Joer ze verplangen. Ma wat ass dann dëst Joer 'in' a wou soll een onbedéngt hifueren?

10/01/2020 Reestrends 2020

Et muss jo net ëmmer direkt weit fort goen. Och bei eis an Europa ass et schéin. Wéi wier et da mol mat Länner am Balkan. Virun allem Kroatien ass an de leschte Joeren ëmmer méi beléift ginn a vill Touristen hunn d'Land mat den honnerten Inselen fir sech entdeckt. Ma wéi wier et da lo mam nördlechen Noper Slowenien. Zwar gëtt et do bal keng Küst, dofir awer kilometerlaang Wanderweeër an Séien, wéi aus dem Billerbuch. Och leet déi slowenesch Regierung vill Wäert op Ëmwelt- a Klimaschutz. Nohaltegkeet ass en Thema mat deem vill Leit sech am Alldag beschäftegen, ma wou se sech awer och beim Reese gären drun halen. Éischter onbekannte Länner, ma awer och sou lues um Kommen, sinn Georgien an Armenien. Do misst een awer nach ofwaarden, wéi den Tourismus sech entwéckelt, sou d'Experten.

Wien et da méi wäit zitt, dee kéint jo mol bis a Kolumbien luusse goen. D'Land mat 48 Milliounen Awunner huet, wat d'Mënscherechter ugeet, an de läschte Joren vill gemaach a well an Zukunft Nummer 1 a Saachen Ökotourismus a ganz Südamerika ginn. Ma do kéint awer Costa Rica a Latäinamerika hinnen Konkurrenz maachen. Ronn 27% vu Costa Rica si Reebësch an d'Regierung mëscht vill fir deen ze schützen. Déi 1,5 Milliounen Touristen, déi all Joer kommen, hëllefen indirekt an deem se Entréesticketen fir déi 26 Nationalparken oder aner ökologesch Ziler bezuelen, fir d'Natur weider ze schützen. An dat mëscht, dass och elo nach Costa Rica.

A Saachen Hoteller kënnen déi grouss Bauklotzen mat honnerten Zëmmer lues a lues apaken. Am Trend leien kleng Hoteller, déi mat vill Léift zum Detail ageriicht sinn an déi vill wäert op Individualismus an Design leeën. Stied, wéi Antwerpen oder och Amsterdam, bidde sech do perfekt un fir e klengen Weekendtrip.

A wien gäre wanderen geet. Fir dee wier den Ament Georgien de Geheimtipp, sou d'Experten. Ma och Usbekistan an Kasachstan entwéckelen sech rasant weider. Déi politesch Situatioun huet sech an de läschte Joren berouegt. D'Infrastrukturen hu sech verbessert an et gëtt engem méi einfach gemaach e Visa unzefroen an et ginn ëmmer méi Flich aus Europa dohinner ugebueden.

En plus fënnt een op de bëssen manner bekannten Destinatiounen nach richteg gutt Offeren.