Wunnengen, déi et guer net ginn. Proprietairen, déi hir Gäscht sexuell menacéieren, am schlëmmste Fall souguer ëmbréngen. Oder Gäscht, déi di gelounte Wunneng am Chaos hannerloossen. Sougenannten Horror-Geschichten ginn et vill, wann een un Airbnb denkt. Dogéint wëll d'Plattform awer elo eppes ënnerhuelen.

10/01/2020 Airbnb wëll "schwaarz Schof" aussortéieren

Eng Software soll hëllefen Soziopathen ze detektéieren. Airbnb wëll senge Client hëllefen, ier et ze spéit ass. Déi sougenannten Scoring-Software soll préiwen, ob een engem Mënsch vertrauen kann, a soll aschätzen kënnen, wéi engem seng Perséinlechkeet ass. Entwéckelt gouf dat Ganzt vun enger Start-up, déi 2017 vun Airbnb opkaf gouf an déi elo de Patent fir hir Software ugefrot hunn.

Mee wéi genee, well de Computer dann elo erausfannen, op ech eng mat der Ratsch hunn oder net. D'Software scannt am Hannergrond Dokumenter an Informatiounen vun enger Persoun, déi engem hëllefen sollen erauszefannen, wéi eng Persoun tickt. Dobäi kann an engems erausfonnt ginn, ob een als Proprietaire a Gaascht beieneen passt oder net. Quasi wéi bei enger Dating-App. Och ka gekuckt ginn, ob ee mat Persounen vernetzt ass, déi als extrem vertrauenswierdeg agestuuft ginn. Tendenziell gëtt da nämlech gesot, dass een et selwer och ass.

Schlecht bewäert, gëtt ee vun der Software zum Beispill, wann een ze dacks negativ Commentairen op de soziale Medien ofgëtt a wann een online iergend ee Lien mat Drogen, Alkohol, Haass, oder och nach Sexaarbecht huet.

Wou se déi Informatiounen hierkréien, ass jo da wuel kloer. Sief et vun eisen Social-Media-Accounts, Blogs oder awer och aus staatleche Quellen; dat gëllt virun allem an Amerika; wou nogekuckt gëtt, ob ee schonn eng Kéier mat der Justiz geplot war oder net.
Sou Softwaren ginn et schonn a gi virun allem a Beräicher, wéi der Publicitéit ma och der Politik agesat, fir Prognosen iwwert d'Verhalen an d'Perséinlechkeet vun de Leit opzestellen. Mat deenen Muster léist sech da méi einfach Campagnen opstellen, fir d'Leit vun hirem Produit oder am Fall vun der Politik, vu sech a sengen Iddien ze iwwerzeegen. Och Finanzentreprisen, déi Prêten u Leit ausstellen, gräifen op sou Mechanismen zeréck.

Sou Softwaren stinn awer och hefteg an der Kritik, schliisslech handelt et sech dobäi ëm en groussen Agrëff a seng Privatsphär. An deem wier ee sech all ze dacks net bewosst. Illegal ass et net, ma op et ethesch korrekt ass, sief da lo mol dohi gestallt.