Viru verschidde Saachen ass kee geschützt. Egal wéi vill Suen en huet oder wéi bekannt en ass. D'Lyme-Borreliose gehéiert och do derzou. Stars wéi d'Avril Lavigne, d'Bella Hadid, oder dann och elo den Justin Bieber si vun dëser Krankheet betraff. D'Julie Dupont huet sech iwwert des Krankheet informéiert.

10/01/2020 Den Justin Bieber huet "Borreliose": mä wat ass dat?

Et geschitt ganz séier, a meeschtens kritt een et guer net mat. Well fir sech mat Lyme-Borreliose z'infizéiere, brauch et just eng Zeck. An déi hunn nun emol déi onangeneem Fäegkeet sech un engem Mamendéier fest ze setzen ouni bemierkt ze ginn. An als Mamendéier stinn och mir um Menü.

Dobäi ass et bei der Lyme-Borreliose immens wichteg séier ze reagéieren. Wann een eng Zeck um Kierper fënnt, soll een se ewech huelen an d'Plaz déi nächst Deeg genee am Bléck halen. Da kann een direkt déi éischt Zeechen richteg deiten. Wann sech ronderëm d'Bësswonn ee klenge roude Krees an do ronderëm ee méi groussen Krees ausbreet, gëllt et direkt bei den Dokter ze goen. Mee och Péng an de Glidder oder Middegkeet kënnen een Indice sinn. An dem Stadium ass d'Borreliose och nach relativ gutt ze behandele duerch Antibiotiken.

Wien dës Symptomer awer verpasst riskéiert sech a senger Gesondheet nohalteg ze schueden. Well bei der Borreliose gëllt et schnell ze reagéieren. Den Erreeger verdeelt sech nämlech no an no am ganze Kierper. Wat awer dacks net bemierkt gëtt, besonnesch wann een d'Zeechen aus dem fréie Stadium net matkritt huet. De Betraffene leit dann u grippenänleche Symptomer wéi Kappwéi oder Féiwer. Iwwerdeems breeden d'Bakterien sech aus, an attackéieren och d'Organer. Och an dem heite Stadium, gëtt virun allem op eng Therapie mat Antibioticke gesat, an eng Behandlung fir déi betraffen Organer. 

Gëtt d'Borreliose och no e puer Méint oder souguer Joren, net richteg erkannt, huet se sech esou wäit entwéckelt, dass de Mënsch och chronesch Gesondheetsproblemer kritt. Vu Problemer mat de Sënnesorganer, Neurologesch Schied, Hirnhautentzündungen, bis Arthrite an Häerzrythmusstéierungen. An och hei am spéide Stadium vun der Krankheet, ass d'Borreliose eng hannerhälteg Affär. No Méint oder souguer Joren ouni Problemer, kann de Patient erëm een akute Schub kréien. 

An dësem Stadium ass den Heelungsprozess schwéier a laangwiereg. An eenzelen méi seelene Fäll, kënnen d'Konsequenzen och déidlech sinn.

Dee beschte Schutz ass, nodeems een dobaussen war an duerch Hecken a Gestraich gaangen ass, sech genee ze kucken. Beléifte Plaze si ronderëm d'Knéikaulen, um Kapp an ënnert den Äerm.