Net nëmmen doheem ass et gutt Uerdnung ze halen, och um Büro wier et vu Virdeel sech vun Ufank un gutt ze organiséieren. Dat spuert net nëmmen Zäit, ma virun allem och Stress. An Däitschland gëtt et dofir "DEN" Expert dofir, de Jürgen Kurz.

De Jürgen Kurz gëtt all ze dacks mam Marie Kondo verglach. D'Amerikanerin huet schonn eng eegen Serie op Netflix kritt, wou si engem weist, wéi ee richteg raumen kann.

13/01/2020 Cut 1 Jürgen Kurz

Steril misst et elo net um Buro sinn an et misst een och net pedantesch ginn. Dem Jürgen Kurz geet et eigentlech drëm, dass ee mat der néideger Uerdnung um Büro méi effizient gëtt. 13% vun eiser Aarbechtszäit verbréngen mer nämlech mat Sichen. An dat klaut eis net nëmmen Zäit.

13/02/2020 Cut 2 Jürgen Kurz

Dem Expert no géing och d'Ausried; "Ech sinn e Chaot a kann näischt dofir"; net gëllen. All Mënsch wier uerdentlech, et ass ebe just de Grad, dee variéiert.

13/01/2020 Cut 3 Jürgen Kurz

Et gi Regelen, wou ee sech drun halen kann an natierlech ass et am digitalen Zäitalter och méi einfach seng Dokumenter um Computer an/oder online ofzespäicheren. Ma dem Expert no wier et awer egal, ob ee lo mat Pabeier oder digital schafft. Et misst ee sech just richteg organiséieren.

13/01/2020 Cut 4 - Jürgen Kurz

Wann een alles digital späichert, dann huet een de Virdeel, dass een doduercher méi mobil ass. Et kann een seng Dokumenter ëmmer dobäi hunn an alles vun ënnerwee opruffen.

An och am Büro gëtt Ënnerscheeder tëschent Fraen a Männer.

13/01/2020 Cut 5 Jürgen Kurz

En Tipp wier och, dass ee sech sëlwer freet, wéi ee Gefill bei engem ausgeléist gëtt, wann een alles opgeraumt huet. Normalerweis ass een da méi zefridden an dat eleng wier och schonn e gutt Argument, fir ze raumen.

Hei déi 7 an hallwen Tipps fir en uerdentlechen Büro:

Den hallwen ass, dass een ier een ufänkt, all d'Tirangen ausmëscht an een alles, wat ee bis lo nach net gebrauch huet an eng Këscht mëscht. Heiansdo weess een awer net, op een vläicht nach eemol brauch oder net. Stellt déi Këscht an den Eck a schreift den Datum drop, wou der se gepaakt hutt an den Datum, wéini Dir se wëllt entsuergen. All déi Saachen, déi Dir bis dohinner net gebrauch hutt, kënnt Dir dann ewech geheien.

1) Sicht iech eng Plaz, wou alles hikënnt, wou grad erakomm ass an wou nach net verschafft ginn ass.
2) Sammelt all déi kleng Ziedelen oder soss wichteg Informatiounen an a schreift se op eng Plaz, fir dass jiddereen et kann erëm fannen, och wann Dir net do sidd.
3) Wann Dir nach vill mat Pabeier schafft, dann leet Iech e Classeur zou mat genuch Fächer, wou alles seng Plaz fënnt.
4) Wann Dir mat puer Leit gläichzäiteg un engem Projet schafft, dann leet virdrun mat alle Concernéierten en System fest, wéi Dir gäre vir gitt a wou Dir alles ofspäichert, sou dass jiddereen Zougrëff drop huet.
5) Sënnert d'Informatiounen, déi era kommen. Maacht Iech Kéip oder Folderen um Desktop. An verschafft alles dat, wat Iech manner wéi 5 Minutten kascht, direkt. Dat gëllt och fir E-Mailen.
6) Leet eng fest Plaz fir Locher, Tacker, Textmarker oder soss Utensilien fest. Domadder spuert Dir Zäit duerno ze sichen.
7) Halt ëmmer Är To-Do-Lëscht an Är Rendez-vousen am Bléck. Am beschten iwwerleet Iech en intelligente System, dass Är To-Do-Lëscht mam Kalenner verschmëlzt, sief et digital oder analog.