250 Joer Beethoven. Dëst Joer gëtt den däitsche Komponist, gebuer 1770, grouss gefeiert.
Sou wollte se an Däitschland einfach mol wëssen, wien da wéi vill iwwer dee gudde' Ludwig van' weess.

10/01/2020 Crashcours Beethoven

Hei ass d'Resultat.
95 % hunn den Numm scho mol héieren.
Vun deene 95 % woussten 15%, dass hien e Komponist war
Fir e Wierk vum Ludwig van Beethoven ze nennen, dat war scho ganz schéi schwéier.
Déi 9t Sinfonie hate vill vun de Befroten awer mol héieren.

Hei e klengen Beethoven Crashcours. Dat hei ass déi éischt Sinfonie vun 9 am Ganzen.

Ludwig van Beethoven - Sinfonie 1

Déi zweet Sinfonie vum Ludwig van Beethoven dirigéiert vum groussen Herbert van Karajan.

Ludwig van Beethoven - Sinfonie 2

Déi drëtt Sinfonie vum Beethoven ass bekannt ënner dem Titel Eroïca. E beléift Stéck Museksgeschicht wat de Ludwig van Beethoven viru gutt 200 Joer geschriwwen huet.

Ludwig van Beethoven - Sinfonie 3 (Eroica)

 

Mat der fënnefter Sinfonie vum Beethoven ka Jiddereen eppes ufänken

Ludwig van Beethoven - Sinfonie 5

Eent vun de populäerste Stécker, och nach Schicksals-Sinfonie genannt, mat deem pregnanten Ufank deen een dacks ze héiere kritt. Déi berüümt 9t Sinfonie vum Beethoven, offiziell unerkannt als Europa-Hymne

Beethoven Sinfonie 9

Déi 9t Sinfonie mat zum Schluss dem Chouer an dem Schiller senge Wieder aus senger Ode 'An die Freude'

Ludwig van Beethoven - Sinfonie 9 (gesongen)

9 Sinfonien also ginn et vum Ludwig van Beethoven, deen eng eenzeg Oper komponéiert huet. D'Oper 'Fidelio'

Ludwig van Beethoven - Oper Fidelio

An zum Schluss nach e schéint Stéck Beethoven. Dat populäert Pianosstéck 'Fir d'Elise'

Beethoven Pour Elise

Dat war e Crash-Cours fir d'Joer 2020 an deem dem berüümten däitsche Komponist a Pianist, dee vill Zäit vu sengem Liewen zu Wien verbruecht huet, säin 250te Gebuertsdag gefeiert gëtt.