Dacks si Restauranten am Nomëtteg eidel. De Kach ass zwar do a kann d'Owesiesse preparéieren, ma wierklech vill geschitt soss net. D'App mam Numm Discoeat wëll dëse Problem elo léisen.

10/01/2020 Discoeat

Den Numm vun der App setzt sech aus de Wieder Discover, also entdecken an Eat, iessen, zesummen.

Et wëll een de Stousszäiten entgéintwierken. Mëttes oder Owes si vill Restaurante struppevoll an et ass bal net méi méiglech en Dësch ze kréien. Dernieft huet Personal vill Aarbecht wourunner dann och de Service leit.

De Moritz Heininger huet zesumme mat sengem Geschäftspartner Nicolo Luit d'App Disoceat entwéckelt déi deem entgéintwierke soll. Se lackelt dernieft mat gudde Remisen.

Sënn an Zweck vun der App ass de Restaurant och dann ze fëlle wann net esouvill lass. Dat huet de Virdeel dass een direkt zerwéiert gëtt an d'Personal langweilt sech net. Dernieft kritt op e ville Plazen eng Remise vu bis zu 50%. Dës Remise ass vun der Zäit ofhängeg, ass ee méi no bei der Stousszäit gëtt dës manner.
Déi zwee Associéeën hunn de Prinzip an Asien kennegeléiert. Hei ass den Numm Eatygo Programm. Dës App fonctionéiert mëttlerweil a 7 Länner. D'Iddi no sou enger App ze sichen ass deenen 2 duerch hier Aarbechtszäite komm. Si hunn dacks zu Zäite geschafft wou si entweder just mueres fréi oder Mëttes spéit iesse goe konnten.

Dernieft weist d'App net nëmmen un wou zu enger bestëmmter Zäit nach eppes z'iesse gëtt, se weist och Adressen un déi wierklech derwäert sinn. Fir dass dat méiglech ass muss all Restaurant deen hei wëll matmaache bei Google eng Bewäertung vu 4 vu 5 Punkten hunn. Et verléisst ee sech awer net nëmmen op Google. Zäitgläich gi Kriticken a Bewäertunge mat anerer Portaler verglach.

Et kann een Thailännesch bis Spuenesch auswielen. Et ass bal näischt wat et hei net gëtt.

De Moment geet d'App awer just zu Berlin, Köln a London. Eleng zu Berlin profitéiere 15.000 User vun der Offer. Dës sinn tëscht 25 a 40 Joer al. D'Firma verdéngt un al Gaascht deen iwwert d'App an e Restaurant kënnt. Et wëll een och dass d'Leit eppes neits ausprobéieren an einfach mol méi dacks iesse ginn.

Clientë brauchen och net ze fäerten dass se en manner gutt Iesse kréie wéi Leit déi net iwwert d'App gebucht hunn. Och um Service ännert näischt.

Wéi et ausgesäit ass d'Firma am Gaang hir Offer auszebauen. Geet een op hier Homepage fënnt ee Job Offere fir San Francisco, Zürich oder och New York. A wie weess villäicht ass dat ganzt jo och geschwënn bei eis am Land disponibel.