2 Dammen an en Här, déi scho vill ronderëm komm sinn, hat de Raoul Roos sech gëscht an de LIVE! planet people invitéiert. Eppes wat se verbonne huet, ass New York, dann sinn se allen 3 héich dekoréiert an hu scho villes erlieft.

18/01/2020 LIVE! planet people

Déi renomméiert Fotografin Eilo Elvinger huet Droit zu Paräis an New York studéiert. Zanter 1982 ass se vun der Fotografie passionéiert a knipst Landschaften, Déieren a Leit. Elo reest se iwwerall mam Fotoapparat an huet och schonn e puer Präisser gewonnen, zum Beispill 2017 de "Wildlife Photographer of the Year", deen hir immens wichteg ass.

18-01-2020 LIVE (1) Eilo Elvinger

De Weekend stellt d'Eilo Elvinger op der Foire Vakanz aus

D'Sängerin Adrienne Haan lieft zu New York, wou se och schonn an der Carnegie Hall opgetrueden ass. Zu hirem Repertoire gehéiert franséische Chanson, Jazz, Blues a Klezmer. E Méindeg 27. Januar ass si mat "Tehorah" am Escher Theater fir en Optrëtt.

18-01-2020 LIVE (2) Adrienne Haan

De Jhemp Hoscheit ass ee vun de bekanntste Kabarettisten aus dem Land. "Fréier wor alles" heescht den neie Programm, deen den Donneschdeg zu Téiteng Première hat, a mat deem hien elo zesumme mam Julien Arpetti op Tournée geet.

18-01-2020 LIVE (3) Jhemp Hoscheit

Déi ganz Sendung LIVE mam Raoul Roos a sengen Invitéen fann der am RTL Replay