Wie geet mat wiem an der Mëttegpaus iessen? Meeschtens huet ee jo seng Leit mat deenen een an de Pause seng Zäit verbréngt. Op der anerer Säit ginn et awer och Leit, déi ni gefrot ginn ob se wëlle mat iesse goen. Obelix-Effekt heescht dëse Phänomen an huet effektiv och eppes mam bekannte Gallier ze dinn.

13/01/2019 Den Obelix-Effet

Well och den Obelix huet am Asterix-Comic missen nokucke wei all déi aner sech ameséieren an de sougenannten ,,Zaubertrank'' drénken.

Den Obelix-Effekt erlieft also jiddereen, deen ni vu senge ,,Kolleegen'' fir iergendeppes gefrot gëtt an ass och eng Zort vu Mobbing.

An elo mol ganz éierlech, d'Mëttegpausen si méi wei just Beweegungstherapie, mee si ginn eis e Bild dovunner wie gutt dat een ugesinn ass. Et kann een och vun engem sozialen Happening schwätzen. Wien ësst mat wiem? Wien entertaint de Grupp? Wien huet vill Succès? An iwwert wien gëtt dann am meeschte geschwat?

Dernieft ass d'Mëttegpaus awer och de perfekte Moment fir d'Äis ze briechen, et ass en intime Moment, deen een ebe mat anere Leit deelt an wou een sech och méi no kënnt. Et schaaft een eng Verbindung zu deenen Aneren an et baut ee Vertrauen op. Et fënnt een dann zum Beispill och Gemeinsamkeeten eraus an natierlech huet dat och positiv Auswierkungen op d'Aarbecht.

Wann den Obelix-Effekt e selwer concernéiert, da soll een eppes dogéint ënnerhuelen an och eppes änneren. Virop soll een déi aner mol drop opmierksam maachen an do kann een dann och ufänken sech do och heiansdo selwer ze bedaueren.

Et kann een awer och, amplaz drop ze waarden datt ee freet fir mat iessen ze goen, och mol selwer d'Initiativ ergräifen an sech selwer alueden. Och Smalltalk mat den anere Mataarbechter ass wichteg, et soll een eppes vu sech zielen a lues a lues Vertrauen opbauen.

Villäicht hëllefen engem dës puer Tipps a geschwënn sëtzt een dann net méi eleng um Dësch.