"Warner Brothers" léisst sech elo de Succès vu Filmer viraussoen. Dofir schafft de bekannte Filmstudio mat enger Start-Up zesummen.

13/01/2020 Kënschtlech Intelligenz an der Filmbranche

"Cinelytics" wëllt de Succès vu Filmer mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz verbesseren an esouguer viraussoen. Dofir ginn Algorithmen agesat, déi virun allem bei Decisiounen an der sougenannter "Greenlight"-Phas zum Asaz kommen, also wann et drëms geet e Film ëmzesetzen an de Budget festzeleeën. Déi kënschtlech Intelligenz ass awer net dofir do fir Entscheedungen ze huelen, mä fir de Prozess ze ergänzen a méi séier ze maachen. Esou kann zum Beispill och analyséiert ginn ob e bestëmmen Acteur tatsächlech soll geholl ginn an ob e seng Suen och wäert ass.

© Warner Bros

Analysen, déi sech sech soss iwwer Deeg gezunn hunn, sollen op déi Manéier bannent nëmmen e puer Sekonnen fäerdeg sinn, esou ee vun de Grënner. Allerdéngs kéint en iwwerraschende Succès, ewéi de leschten Joker-Film, net erkannt ginn. Kreativ Entscheedunge kéint de Computer net huelen, déi misste nach ëmmer aus dem Bauch eraus kommen. De System wier just do fir mat Zuelen a grousse Quantitéiten vun Daten ëm ze goen, fir de Mënschen Musteren ze weisen, déi se soss net erkannt hätten.

"Cinelytics" schafft och scho mat "Sony Pictures" an aneren Entreprisen aus der Filmbranche zesummen. Virun 3 Joer gouf d'Start-Up gegrënnt. D'Modeller, déi se verkafen, hu se mat Hëllef vun Informatiounen aus ale Filmer op d'Been gestallt. Dobäi loossen sech eenzel Deeler, ewéi zum Beispill d'Acteuren, austauschen an d'Informatiounen op zukünfteg Filmer iwwerdroen.

© Pixabay