Well déi vegan Alternativ zu der Mëllech vu Kéi schount d'Ëmwelt net. Virun allem d'Beien leiden ënnert dem Konsum vum Mandeldrink.

14/01/2020 Mandelmellech ass keng gutt Iddi

Mandelmëllech gëtt ewell gären a vill gedronk als Alternativ zu der Mëllech vun der Kou. An de leschte 5 Joer ass de Konsum awer massiv an d'Luucht gaangen- an zwar ëm ganzer 50%.
Et sollt een sech allerdéngs net abilden, dass een eppes fir d'Ëmwelt mécht, wann een op d'Mandel-Gedrénks zeréck gräift. Well ënnert dem Trend  leiden virun allem d'Beien. Well d'Bléien un de Beem- fir iwwerhaapt emol un déi vill Mandelen ze kommen-, musse vun hinnen bestäubt ginn.

A Kalifornien sti ganzer 80% vum weltwäite Bestand u Mandelbeem, op Dausenden vun Hektar grousse Monokulturen. Camionen voller Beien gi vun Imkeren aus verschiddenen US-Bundesstaaten dohinner transportéiert fir hiren Job ze erleedegen. Dat maachen se och gutt, mä doduercher dass se ewéi d'Hierken an der Tonn gehale ginn, ass hiren Immunsystem méi schwaach a se gi méi ufälleg fir Parasitten. En Imker, deen involvéiert ass, huet et esou erkläert: Et wier ewéi wann ee seng Beien géif an eng Bar voller Singlen goe loossen, a se dono ongeschützte Geschlechtsverkéier hätten.

© Pixabay

Nach méi schlëmm wier d'Regioun an där d'Beien misste schaffen: Fir dass d'Mandelbeem iwwerhaapt iwwerliewe kënnen, musse se gesprëtzt ginn, wat erëm héichgeféierlech fir d'Beien ass. Bannent nëmmen e puer Méint am Wanter 2018 sinn op déi Manéier 50 Milliarde Beien ëm d'Liewe komm. Dat ass méi ewéi en Drëttel vun de kommerziellen Beie-Populatiounen an Amerika.

Nach dobäi kënnt, dass d'Produktioun vun engem Liter Mandelmëllech zwar nëmmen een Zéngtel vun der Quantitéit un CO2 fräi setzt ewéi e Liter Mëllech vun der Kou, e verbrauch awer 17 Mol méi Waasser. Dat ass d'Resultat vun enger schwedescher Etüd, déi d'lescht Joer gemaach ginn ass.

© Pixabay

Eng wierklech Alternativ wier Huewer-Mëllech aus eise Géigenden. Am Verglach zu der Kou-Mëllech wierkt déi sech esouguer ronn 70% manner op eise Klima aus. Et sollt een awer drop oppassen, dass et Bio-Huewer-Drink ass.