De ganzen Dag geschafft an dann Owes mam Gezei op d'Bett fir seng Liiblingsserie ze kucken. Eppes wat ee soll vermeiden. Wie sech mam Gezei op d'Bett leet, dee schleeft sech esou munches mat an d'Kummer.

14/01/2020 Net mam Gezei op d'Bett

No enger Stonn Stau oder engem Ustrengende Schaffdag heem kommen, ass dat schéinst wat et gëtt. De Stress fält vun engem erof, an et ass un der Zäit emol no sech ze kucken.

Et gëtt Leit déi liesen an hirem Buch weider oder kucken déi spannend Serie déi se den Owend virdrun ugefaangen hunn.

A well ee just eréischt Heem komm ass, gëtt sech dacks dofir mam Gezei op d'Bett geluecht.

Eng Gewunnecht déi ee séier sollt si loossen.

De Mënsch verléiert am Dag 500 Milliounen Hautzellen. Dobäi kënnt nach ee Liter Schweess. Et kann ee sech denke wou dat alles hänke bleift. Natierlech am Gezei. Och bei eise Matmënschen ass dat net anescht. Am Bus am Zuch op der Aarbecht oder am Restaurant hëlt eis Gezei alles mat wat sech sou an de Sëtzer befënnt.

De Philip Tierno, Direkter fir Mikrobiologie an Immunologie vun der New York University erkläert, dass Bakterien an Organisme Wochen, jo souguer Méintelaang an der Kleedung iwwerliewe kënnen.

Genee dat wëll kee Mënsch am Bett hunn.
Eng Wäsch hëlleft awer de Problem an de Grëff ze kréien. Dernieft soll ee Reegelméisseg säi Gezei wiesselen.
Et gëtt dach souwisou näischt Besseres wéi am Feierowend mat der Homewear op de Canapé-lit oder op d'Bett ze leeën.