Wie kennt et net, wann een nees Tonnen vun Dateien op sengem Computer gespäichert huet, awer mat all deene Classeuren net net méi dat erëmfënnt wat ee sicht. D'kënschtlech Intelligenz soll eis elo hëllefen eisen Desktop opzeraumen.

14/01/2020 Hëllef fir den Desktop-Messie

Wann een de Computer umécht an hei déi honnerte vun Emailen, Dateien, déi laang vergiess sinn a Fotoen aus der Vakanz, wou een nach keng Zäit hat dran ze raumen, gesäit huet een dacks schonn d'Flemm. Wéini soll ech dat alles raumen? Et huet een hei dacks weder d'Zäit nach d'Gedold sech dorëms ze këmmeren. D'Läschen vun dëse Saachen kennt och meeschtens guer net a Fro, well ee jo mengt, datt een et vläit awer iergendwann erëm brauch. De Problem ass awer, datt dës Dateien een onnéideg hënneren an et einfach immens vill Zäit kascht, wann een op der Sich no wichtegen Informatiounen ass.

Eng Fuerschungs-Ekipp an Däitschland well elo bei dësem Problem hëllefen. Si sinn amgaang e System ze entwéckelen, dee beim Läschen vun vergiessenen Dateien hëllefe soll. "Dare2Del" heescht de Projet, wat souvill heescht wéi iwwerwann dech fir ze läschen. Fir vill Leit ass et nämlech wierklech eng Iwwerwannung. Läschen mécht hinnen nämlech dacks Angscht, well se sou eppes vergiesse kéinten oder d'Kontroll verléieren.

Mat hirem neien Projet, hëllefen d'Fuerscher zemools onorganiséierte Leit. Den "Dare2Del" proposéiert dem Notzer hei beim Zoumaachen vun engem Programm fënnef Dateien, déi ee läsche kéint. Wann een dann hei op eng vun den Dateien klickt, erkläert de System engem wisou een dës Datei ouni schlecht Gewëssen läschen däerf. Dëst ka sinn, well et schonn eng nei Kopie vun dëser Datei gëtt oder well et eng méi al Versioun ass. Zum Schluss kann een dann awer selwer entscheeden, ob een dës Datei wierklech läsche well.

Ma virun allem fir d'Firmen soll den "Dare2Del" eng Hëllef sinn. Et ass nämlech dacks immens zäitopwänneg Dateien eenzel ze läschen an dobäi kascht et nach vill Energie a Suen wann ee se net läscht. Dëse System kéint duerfir d'Léisung sinn.

Et dauert awer op mannst nach dräi Joer bis den "Dare2Del" komplett fäerdeg ausgebaut ass an um Marché ass. Bis dohin maachen d'Fuerscher Etüden fir erauszefannen wéi vill d'Mënschen de Läsch-Proposen vun der kënschtlecher Intelligenz iwwerhaapt vertrauen.