Et ass naass, kal a gro dobaussen. Jiddefalls meeschtens. Logesch Konsequenz den Hals fänkt u mat krazen an d'Nues u mat lafen. An dofir huet een dann mol besser ëmmer en Nuesschnappech bei Hand. Ma kann ech mech dann elo u mengem gebrauchten Nuesschnappech nach emol ustiechen?

14/01/2020 Kann ee sech u gebrauchte Nuesschnappecher nach emol ustiechen?

Wann et engem säin eegent Nuesschnappech ass, dann ass de Risiko ganz kleng sech nach eemol sëlwer un ze stiechen, seet den Dr. Nico Haas. Well dann ass de Kierper ëmgaangen eng Immunitéit géint de Virus opzebauen. Wat awer wichteg wier, ass déi néideg Hygiène, wann engem d'Nues leeft.

D'Viren, déi aus der Nues kommen, bleiwen net nëmmen just um Nuesschnappech, mee déi ginn och op d'Hand iwwer an dofir ass et wichteg, nodeems een d'Nues gebotzt huet, sech d'Hänn ze wäschen. Dat gëllt och, nodeems een d'Nuesschnappech ewech geheit huet.

Virun allem d'Rhinoviren ginn iwwert d'Nuesschnappech gäre fräigesat. Ëmmerhin ass dat déi Zort vu Virus, déi méi wéi d'Halschent vun den Erkrankungen weltwäit ausmaachen a si virun allem an dëser Joreszäit vill ënnerwee. Ma net jiddereen, deen domadder a Kontakt kënnt, stécht sech un.

Et kann ee sech theoretesch mat allem ustiechen, mee et hänkt awer och vun ärem Kierper of. Wann Dir gesond sitt, genuch Schlof kritt an och kee weideren Abus dreift, sou dass de Kierper net ausgelaugt ass, da sinn d'Chancë, fir eppes ze kréien relativ kleng.

Kanner stiechen sech éischter un, well hiert Immunsystem nach net sou gutt entwéckelt ass. Fir eraus ze fannen, wéi einfach an op wéi engem Wee ee sech ustiechen kann, goufen an den 80er Joren eng sëllechen Experimenter gemaach. Vill vun deenen wieren haut wahrscheinlech éischter ethesch net méi sou gutt ugesinn, ma an awer konnt een doduercher wichteg Informatiounen sammelen. Sou goufen 1986 zum Beispill 26 Mënschen mam Rhinovirus infizéiert. Dunn goufen se zesummen  fir d'éischt e puer Stonnen zesummen an e Raum gesat, an dann hunn se 3 Nuechten hannerteneen an engem Raum, dee net gelëft ginn ass, schlofen. Et huet sech bei béiden Experimenter just een vun 11 Infizéiert. An dunn wollten d'Wëssenschaftler et op d'Spëtzt dréiwen an hunn infizéiert Mënschen mat net infizéierten Mënschen aner hallef Minutt knuutschen gelooss. An och do ass just eng Persoun vun 13, déi krank gouf.
Fazit, Rhinoviren si vill manner ustiechend wéi aner Erreger an ginn éischter iwwert en aneren Wee iwwerdroen.

A wann ee sech d'Nues botzt, bleiwen d'Viren net nëmmen am Schnappech, mee eben och un der Hand. An do hu se e vill méi e grousst Potential sech ze verbreeden. Gëtt een engem d'Hand, dee krank ass a seng Hänn net gewäsch huet, dann ass de Risiko vill méi grouss sëlwer krank ze ginn. Virun allem wann ee sech duerno domadder an d'Aen oder an d'Nues geet. Iwwert d'Schläimhaut verdeelen d'Vire sech besser.

An dofir wier et wichteg, ëmmer drun ze denken, fir d'Hänn ze wäschen.An dat och, nodeems een d'Nuesschnappech ewech geheit huet.