Bezuelen fir propper Loft. Dat ass eng nei Geschäftsiddi an der indescher Haaptstad Dehli. D'Julie Mathes erkläert wat hei dohannert stécht.

14/01/2020 Smog an Indien: Geschäftsiddi Sauerstoff-Bar

Wann een zu Dehli ënnerwee ass, fält engem virun allem de Smog op, deen hei iwwert der ganzer Stad hänkt. Doropshin hunn zwee Inder eng "Oxy Bar" gegrënnt. Hei kréien d'Gäscht keen Alkohol un der Bar, mee Sauerstoff. Wéi dat ausgesäit? Ma d'Gäscht hänke sech 2 Schläich an d'Nueslächer an soubal de Barkeeper d'Loft opdréint fléisst déi frësch Loft an d'Longen. De Präis vun deem Ganzen sinn ëmgerechent bal 4 Euro fir 15 Minutte Sauerstoff. Et kann een da souguer nach den Doft vu Lavendel oder Eukalyptus dobäi kafen.

Déi schlecht Loft hei an der Stad ass wierklech dramatesch. Am November huet hei d'Regierung schonn zwee Mol e Gesondheets-Noutstand ausgeruff, wou all d'Schoulen hir Dieren zougemaach hunn an op ville Plazen keen Auto méi fueren duerft.

Ma aus deem Grond hunn déi zwee Grënner vun der "Oxy Bar" sech och geduecht, dass hire Projet e groussen Erfolleg wäert hunn. Deem ass awer leider net esou. D'Bar ass meeschtens eidel a gëtt op sozialen Netzwierker vill kritiséiert. Souguer de Responsablen vun der Pneumologie am renomméierte Spidol "Apollo" kritiséiert dës nei Iddi a seet, dass et souwisou fir d'Gesondheet näischt bréngt wann een eng Kéier kuerz frësch Loft schnaapt an de Recht vum Dag de Smog anotemt. Och indesch Reporter mengen, dass dëse Projet nëmmen eng Geld-Maschinerie ass an de Problem net léist.