De Spike Lee, deen als Regisseur a säit leschtem Joer als Oskar Gewënner bekannt ass, wäert dëst Joer President vum Jury um Filmfestival zu Cannes sinn. D'Julie Mathes kuckt zeréck op dem 62-Järegen Amerikaner seng Karriär.

14/01/2020 Spike Lee gëtt President vum Jury vum Filmfestival vu Cannes

De Spike Lee, deem säi richtegen Numm Shelton Jackson Lee ass, gouf den 20. März 1957 zu Atlanta gebuer. Hien ass virun allem als Filmregisseur bekannt a schreift niewebäi och Dréibicher, schafft als Produzent a souguer als Schauspiller. A senge Filmer geet hie vill op gesellschaft-politesch a sozial Themen an a behandelt hei virun allem de Rassismus.

Nodeems de jonken Amerikaner als Bachelor Kommunikatioun studéiert huet, huet e sech a sengem Master Studium du ganz an der Filmbranche engagéiert. Op der New Yorker Tish School of the Arts huet de Student scho verschidde Kuerzfilmer erausbruecht, fir déi hien staark gelueft ginn ass. Säin Duerchbroch war de Kuerzfilm "Joe’s Bed-Stuy barbershop: we cut heads." Hei krut de Spike Lee dunn um Filmfestival zu Cannes de Prix de la Jeunesse.

Kuerz duerno huet de jonke Regisseur du seng eegen Produktiounsfirma gegrënnt. Mam Numm "40 Acres & A Mule Filmworks" soll dës un e Verspriechen aus dem amerikanesche Biergerkrich erënneren, dat bis haut net erfëllt ginn ass. Et mierkt een also wéi vill dem Spike Lee dëse Sujet um Häerz läit. A genau dat ass och ee Grond fir säin Erfolleg. No enger Rei vun Nominatiounen an de leschte Joren huet den 62 Järegen d'lescht Joer den Oskar fir dat bescht adaptéiert Dréibuch vun der Polit-Satire «BlacKkKlansman» kritt.

Dëst Joer kennt dann nach eng grouss Nouvelle dobäi. De Spike Lee ass als President fir d'Jury vum Filmfestival zu Cannes dëst Joer ausgewielt ginn. Den US-Regisseur hat am Joer 2018 hei zu Cannes den amerikanesche President staark kritiséiert an huet sou fir Opmierksamkeet gesuergt.

Den 73. Festival zu Cannes wäert dëst Joer vum 12. bis den 30. Mee stattfannen an ween nieft dem Spike Lee hei an der Jury setze wäert gëtt eréischt am Abrëll annoncéiert, sou de Comitée vum Festival.