Mir kennen et alleguer. D'Meedchen mat de Speechelen, den zwou rouden Trëtzen an deem wäisse Päerd. Jo genee, vum berüümte Pippi Langstrumpf ass riets. Fir de 75. Gebuertsdag vun der Firma ze feieren, hunn d'Nokomme vum Astrid Lindgren eng Campagne fir Meedercher an Nout lancéiert.

15/01/2020 Nokomme vum Astrid Lindgren starten eng Campagne fir Meedercher an N

Déi meescht Kanner a virun allem d'Meedercher sinn op dat kléngt a selbstbewosst Meedchen aus der Villa Kunterbunt geflippt. D'Pippi Langstrumpf war zemools an Europa bekannt an et war ëmmer lëschteg seng Aventuren ze liesen. Ma d'Pippi ass awer méi wéi nëmmen eng Witzfigur, betount der Astrid Lindgren hiren Enkeljong. D'Pippi Langstrumpf ass enges Daags einfach eleng an eng nei Stad komm, wou et ouni seng Elteren en neit Liewen ufänke misst. Haut si sou vill Meedercher an der selwechter Situatioun. Se kommen och an eng nei Stad ouni hier Elteren a mussen hei kucken eleng eent ze ginn. Si sinn also d'Pippien vun haut.

Déi nei Campagne, déi dem Lindgren seng Firma zesumme mat der Organisatioun "Save the Children" lancéiert huet, nennt sech duerfir och "Pippi of today". 75 Joer no der Verëffentlechung vum éischte Pippi Buch soll dës Campagne d'Bewosstsinn stäerken vun all deene Millioune vu Meedercher, déi weltwäit wéinst Konflikter, Gewalt an anere Problemer hiert Doheem verloosse mussen. Donieft soll d'Campagne och Spenden anhuelen fir déi Betraffen vu "Save the Children" ze ënnerstëtzen.

D'Astrid Lindgren hat bis si 2002 gestuerwen ass, ee grousst Häerz fir Kanner an huet sech virun allem géint Gewalt a fir Minoritéiten agesat. Dem Lindgren seng Duechter verréit an engem Interview, dass hir Mamm warscheinlech zimmlech verzweiwelt wär, wa si déi Welt an der mer haut liewe géing gesinn. A genee aus deem Grond well dës Campagne sech duerfir asetzen, eis Welt e bësse méi schéin ze maachen an der Astrid Lindgren hir Valeuren héich ze halen.