Zu Nürnberg goufe schonn Täschenauer, d'Huwwelbänk a de Globus erfonnt. Virun 330 Joer dann och d'Klarinett. Et war de Johann Christoph Denner deen "d'Kinnigin vum gudden Toun" gebaut huet.

13/01/2020 An 100 Sekonnen: Klarinett gëtt erfonnt

De Johann Christoph Denner ass net nëmmen de Papp vun der Klarinett, hien hat och seng Hänn bei Hautbois a beim Fagott am Spill. Hien war zu senge Liefzäiten de beschte Flute-Bauer an Däitschland.
Den Denner huet seng Erfindung vun engem Instrument ofgeleet wat et scho gouf. Dem Chalumeau. En huet dëst verbessert an deem hien e puer Klappen agebaut huet, an e puer Lächer bäi gemaach huet. Dës Chalumeau Fluten hu mat engem spezielle Mondstéck fonctionéiert. Vum Toun hir ware se zimmlech rau an et konnten net vill Téin domat gespillt ginn.
Den Denner huet ënne beim Triichter 2 Lächer bäigemaach déi mat engem Klappesystem gesteiert konnte ginn. Domat war d'Skala vum Instrument ëm 2 Téin erhéicht.
De Klang deen Instrument vun elo un hat, huet éischter un eng Barock-Trompett erënnert déi den Numm Clarino hat. Et war fir den Denner kloer dass sech den Numm vun dësem sollt ofleeden.
Den Denner war zu deem Zäitpunkt bal um Héichpunkt vu senger Karriär.
Ma dat ganzt war awer och iergendwéi viraus ze gesinn. Schonn a senger Kandheet koum hien an de Kontakt mat Instrumenter. Säi Pätter huet Uergele gebaut. De Papp huet Päifen hiergestallt mat deenen Déieren ugelackelt konnte ginn.
No senger Zäit als Gesell huet den Denner en eegenen Atelier opgemaach fir Holzblosinstrumenter ze bauen. Schonn zu där Zäit haten seng Flütten e ganz speziellen Toun soudass d'Nofro séier geklommen ass.

En Lexikon aus dem Joer 1730 beschreift de Museker vu Nürnberg esou:

"Dieses gute Vorhaben erreichte auch würklich einen erwünschten Effect, indem er zu Anfang dieses lauffenden Seculi eine neue Art von Pfeiffen-Wercken, die sogenannte Clarinette, zu der Music-Liebenden großen Vergnügen, ausfande“

De Johann Denner ass den 20. Abrëll vum Joer 1707 gestuerwen.

An den RTL-Sproochmates froe mer dann eng anere Kéier firwat mer soen dass eppes "ënnert aller Klarinett" ass.