Et gëtt Leit déi kréien eleng beim Gedanken u gro Hoer, gro Hoer. Deem kann een awer mat der richteger Ernierung entgéint wierken.

15/01/2020 Nährstoffer géint gro Hoer

Et gëtt eng Hellewull u Produite, wéi Shampoing oder Lotiounen, déi gro Hoer virbeuge sollen. Vill vun dësen daachen näischt. Se halen net laang genuch oder fonctionéieren iwwerhaapt net. Et muss een awer net op Chimie setze fir géint gro Hoer virzegoen. Et gëtt Vitaminnen, déi loossen et guer net esouwäit kommen. Dës fënnt een an den Iesswueren.

Ugefaange mam Koffer. Dëst Element huet e gudden Effekt op eise Kierper. Et gëtt als Anti-Aging Mëttel fir d'Hoer bezeechent. Koffer fënnt een an Nëss, Fësch Kakao oder Vollkarproduiten.

Eisen an Zénk ass eng weider Méiglechkeet d'gro Hoer net opkommen ze loossen. Huewerflacken hunn zum Beispill genuch Eisen an Zénk. Wien dorop steet ka sech all Mueren eng gutt Schossel Müsli maachen.

Ënner Pantothensaier ass de Vitamin B5 bekannt. Dëse schützt d'Hoer viru Schied vu baussen. De B5 fënnt een am Schwéngefleesch am Dueder an an der Mëllech. Awer och an der Avocado oder am Brokkoli ass däers dran.

Käre vum Kalbass, Lënsen, Tofu, Kéis oder och Eeër bréngen engem Proteinnen an Aminosaier. Si maachen d'Hoer elastesch a méi staark. Vill vun de Produiten an deenen dës Elementer dra sinn hunn déi meescht vun eis am Frigo.

Firwat fonctionéiert dat iwwerhaapt mat de Vitaminnen? Si kënnen den Ofbau vu Melanozytë bremsen. D'Närstoffer wierken sech staark op d'Qualitéit an de Glanz vun den Hoer aus. Wann d'Wuerzele vun allem genuch kréie bleiwen se méi laang schéin a gesond.