An der Nuecht iergendwou an der Wiss leien. Ronderëm een ass näischt. Keng Luucht, déi stéiert. An dat eenzegt, wat ee gesäit, sinn d'Stären um Himmel. En wonnerbart Bild, dat ee leider net all ze dacks ze gesinn kritt. Elo gëtt et awer zanter neistem en Guide, deen engem verréit, wou déi däischtersten Plazen mat deem schéinsten Stärenhimmel op der Welt sinn.

15/01/2020 Déi däichterst Plazen op der Welt mat deem schéinste Stärenhimmel

En "Dark Sky Park" ass wéi de Numm et schonn seet, eng Plaz, wou nuets keng kënschtlech Luucht d'Däischtert stéiert an een e spektakulärer Bléck op den Himmel huet an doriwwer eraus.

2008 ass den Cherry Springs State Park am US-Bundesstaat Pennsylvania als een vun den éischten als "Dark Sky Park" deklaréiert ginn. An d'USA schéngt dat perfekte Land ze sinn fir Stären, Schnäizen a souguer Planéiten vum Buedem aus ze kucken.

© Pixabay

Astrotouristen aus der ganzer Welt pilgeren zum Beispill an New Mexiko, bei de Cosmic Campground oder an d'Naturschutzgebitt "Craters" am US-Bundesstaat Idaho. Deen ass virun allem beléift, well een do nuets eng ganz impressionant Vue op déi méi héij geleeën Landschaft huet an dat mat engen eenzegaartegen Nuetshimmel am Hannergrond.

Op villen vun deene Plazen stinn dann och bedeitend Observatoiren, wou een de Stären da nach méi no kommen kann. Een vun den impressionanten Aussiichtstierm steet zum Beispill uewen um Vulkan Mauna Kea zu Hawaii.
Ma och am südamerikaneschen Chile steet ganz eleng um Enn vun enger Strooss a matten an der Wüst de Las-Campanas-Observatoire. Do kann ee mueres dann zum Beispill e bëssen Snowboarden am Sand, mëttes archeologeschen Ruinen besichen goen an owes dann de spektakulären Nuetshimmel genéissen. En eemolegt Erliefnis ass garantéiert.

© Pixabay

Déi berühmte Mëllechstrooss gesäit een dann am beschten iwwert dem Grand Canyon Nationalpark. An och wou een am beschten Aurora borealis bewonneren kann, ass am neie Guide vu Lonely Planet op gelëscht. D'Polarliichter sinn nämlech guer net sou einfach ze fannen. An dat Phänomen kann een dann net nëmmen an den arkteschen Regiounen fannen, mee och an Australien. An dofir hunn d'Australier souguer eng eegen App entwéckelt, wou der grad nees opdauchen.

© Pixabay

De Guide vu Lonely Planet lëscht awer net nëmmen déi schéinste Plazen op, mee well de Leit och Kenntnisser iwwert d'Luuchten um Himmel vermëttelen an engem och weisen, dass et verschidden Aart a Weisen ginn, den Universum an der Nuecht ze betruechten. An d'Kiischt um Kuch ass dann e Kalenner, wéini een wou am beschten déi verschidden Meteoritestréim gesi kann.

An Europa ginn et iwwregens och zwee bekannten Observatoiren. Deen een ass uewen op der Spëtzt vum Pic du Midi an de Pyrenäen an deen aneren fënnt ee matten an der toskanescher Stad Florenz.