Bis di nei Formel 1 Saison Mëtt Mäerz an Australien ufänkt, dauert et nach e bëssen. Mä elo schonn ass gewosst, dass dëst Joer warscheinlech eng ganz Partie, zum Deel och ganz al Rekorder, wäerte gebrach ginn.

15/01/2020 Rekorder sinn do fir gebrach ze ginn

Mëtt Mäerz fänkt an Australien di nei Formel 1 Saison un - an et wäert eng vun de neie Rekorder ginn.

De Lewis Hamilton ka fir di 7.Kéier Weltmeeschter ginn, an domat dem Michael Schumacher seng Kollektioun un Titelen egaliséieren. Donieft kann den Englänner e neie Rekorder fir di meeschte Victoiren opstellen. Dem Mercedes-Pilot feele nach 7 éischt Plazen, fir dem Schumi seng 91 Victoiren z'iwwerbidden.

De Rekord fir di meeschte Podiumsplazen dierft dës Saison sécher un den Englänner goen. Dem Schumacher war dat 155x gelongen - dem Hamilton feele nach 5 Top-3-Resultater, fir déi Mark ze knacken.

Pole-Position, Victoire, a séiersten Tour an engem Grand-Prix - de sougenannte Grand-Slam vun der Formel 1 war scho 6x fir den Hamilton. De Rekord läit bei 8, opgestallt an de 1960er Jore vum Jim Clark - deen dofir just 72 Formel 1-Coursë gebraucht hat.

En anere Rekord kéint dann un een anere goe wéi de Britt - jéngste Formel 1-Weltmeeschter vun allen Zäiten ass nach de Sebastian Vettel. Max Verstappen a Charles Leclerc hunn des Saison nach d'Chance, dem Däitschen dëse Rekord ofzehuelen.

322x gestart bei engem Grand-Prix war de Rubens Barrichello. De Senior an der Formel 1 wäert dëst Joer awer de Kimi Räikkönen ginn, deem just nach 10 Departe feele, fir dëse Rekord ze knacken. De Finn kann ausserdeem de Fernando Alonso iwwerbidde mat de meeschten Arrivéeën - 254x war de Spuenier eng Formel 1-Course fäerdeg gefuer. 5 Arrivéeë feelen dem Iceman nach.

De Konstrukteurstitel war di leschte 6 Joer fir Mercedes. Een Titel méi, dann hu se de Rekord vu Ferrari an der Schumacher-Ära geklappt. An e 7. Fuerertitel hannertenee géif fir den däitsche Motorekonstrukteur bedeiten, dass se d'Mark vu 7 Titelen fir Ford-Cosworth géifen egaliséieren.

Mëtt Mäerz geet et lass an Australien, a spéitstens Enn November, no der Finall zu Abu Dhabi, wäerte mir wëssen, wien wéi eng nei Rekorder opgestallt huet an der Kinneksklass vum Motorsport.