Bei enger gudder Nuddel soen déi mannsten net Nee. U Formen soll et net feelen an hir Haaptkomponent ass Weess. Ze soen, Nuddele gëtt et sou laang wéi d'Mënschheet, wier bëssi héich gegraff. Déi Eelste goufen an Ostasien fonnt, 4000 Joer wieren dës al an aus Hirse, op Lëtzebuergesch Hiergem genannt. A genee domadder befaasse mir eis elo, mat Nuddelen net aus Weess, Marie Gales.

15/01/2020 Trend: Gesond Nuddelen

Ongesond wieren déi normal Nuddelen, ze vill Weess an domadder voll mat ongesonde Kuelenhydrater. Dobäi kënnt, dass ëmmer méi Mënschen op Gluten wëlle verzichten, anerer wëlle vegan iessen an dulden dofir keen Ee an hirer Nuddel.

Aner Alternative mussen dofir hier a wéi wier et wann déi aus Lënsen-, Pois chiche- a Bounemiel wieren? Dës wiere méi gesond an dorausser kéint een och gesond Pasta hierstellen. An deene wiere vill Proteinnen, Mineralstoffer wéi Eisen, Magnesium an Zénk, Vitaminnen wéi B1, B6, Folsaier, Ballaststoffer an dann nach e positive Punkt, Lënsen, Pois chiche a Boune géifen immens laang sat maachen.

150 Kalorien hunn 100 Gramm gekachten Nuddelen, also déi normal, déi déi eidel Kuelenhydrater hunn. An Nuddelen aus Miel vu Lënsen, Bounen, Ierbessen souguer oder Pois chiche si wuel och Kalorien dran, mä zum Beispill gekachte Lënsen hu just 116 Kalorien an zielen zu de komplexe Kuelenhydrater a loossen de Bluttzocker net sou séier klammen a maache méi laang sat.  En plus wieren si ouni Gluten an och nach vegan a voll mat Proteinnen. Gesond Nuddelen eben.

Meeschtens sinn et rout Lënsen, déi fir dës Nuddele gebraucht ginn, deene gëtt en doucen Nossaroma nogesot, wéi Lënsen alt schmaachen.

An de Pois chiche ass net sou vill Protein dran, mä dofir vill Vitaminn A, C, D an E, Eisen a Kalzium. Wee gären Hummus ësst, gëtt domadder frou. Ierbessemiel ass liicht méi séiss oder et keeft een Nuddelen aus Bounemiel, do ass de meeschten Eewäiss ze fannen; an Zorte wéi Edamame, Mungobounen, schwaarz Bounen oder Sojabounen. Hunn awer en eegene Goût, är Liblingsboun wielen an dann e Plat ouni Gluten a Laktos preparéieren.

An der asiatescher Kichen fënnt ee schonns méi laang Nuddelen ouni Kuelenhydrater a wéineg Kalorien. Dat sinn déi Konjak-Nudeln, déi aus dem Miel vun der Konjakwuerzel  hiergestallt ginn; Waasser, Konjakwuerzel-Miel a Calciumhydroxid a schonns huet een dës besonnesch Nuddel.

Mat der Zooss sollt een dann nach oppassen! Net dass een sech de Kapp zerbrach huet fir Kalorie bei den Nuddelen ze spueren a mat der Zooss geet engem seng ganz Méi dann nees fleeten!