D'Alicia Keys huet dëst Joer vill wëlles. Nieft dem 7. Studioalbum, kënnt och eng Biografie eraus.

An dat elo relativ séier, am Fréijoer ass de Release vun A.L.I.C.I.A. geplangt, sou soll de 7. Album heeschen, a parallel dozou d'Biografie More Myself: A Journey. Datt en neien Album komme géing, hat sech schonn am Laf vum leschte Joer ugedeit, déi amerikanesch Sängerin huet nämlech 2019 am ganzen 3 Lidder erausbruecht, Underdog gëtt dann déi nächst Single vum neien Album, e Video dofir gëtt et och zënter leschtem Weekend. D'Lidd hunn d'Alicia an den Ed Sheeran zesumme geschriwwen an et geet ëm déi Mënschen déi villäicht net sou vill wéi aner Mënschen hunn awer enges Dages dat kréie solle wat se verdéngt hunn. A punkto Style ass d'Alicia Keys erëm back to the roots, an anere Wierder; d'Alicia Keys huet erëm Trëtzen, déi sougenannte Braids. A grad wéi och schonn d'lescht Joer féiert och d'Alicia och dëst Joer duerch d'Grammy-Zeremonie.