Owes no der Aarbecht nach grouss kachen, oder awer léiwer ouni eppes z'iessen an Bett. Ernährungsexperte soen elo, dass béides erlaabt ass. Et hänkt just vu verschiddene Faktoren of.

16/01/2020 Owes faaschten?

Ee Faktor ass Zäit zu där mer iessen. No 6 Auer owes nach eppes z'iesse mécht een nëmmen dann déck wann et virdru scho vill ginn ass.

Et mécht awer Sënn, owes net méi vill z'iessen.

D'Silke Restemeyer vun der Däitscher Gesellschaft fir Ernierung seet dozou, wien de ganzen Dag iwwer vill ësst, dee kann sech a ville Fäll owes net bremsen. Da gëtt et eben net nëmmen eng Schmier, ma a ville Fäll och nach Schockela a Chipsen um Canapé. Do muss ech jo zouginn dass dat heiansdo awer eppes ass wat gutt kënnt.

Et gëtt awer eng generell Reegel déi engem hëllefe kann net méi esouvill Energie zou sech ze huelen.

Et soll een no 6 Auer owes eben näischt méi iessen. Wien dat mécht ënnerstëtzt domat säi Stoffwiessel. Dëse muss sech vum ganzen iessen och emol erhuele kënnen. Dernieft gewinnt dësen sech net un reegelméissegt Iesse wat keen Enn fënnt.

Wat ee méi dacks ësst esou d'Silke Restemeyer, wat een éischter dozou tendéiert ze vill z'iessen.

Grondsätzlech géif awer näischt géint e waarmt a grousst Owesiesse schwätzen, grad da wann et Mëttes just e Bréitche ginn ass. Et ass eben och ëmmer eng Fro vun den individuelle Virléiften.

Eng equilibréiert, verstänneg waarm Moolzecht ass a Saachen Energiebilan a Gesondheet awer net automatesch méi schlecht wéi eng Schmier an eng Taass Kaffi.