Paräis huet den Eiffeltuerm, déi beschte Pizza kritt een zu Neapel, Berlin ass bekannt fir säi Nuetsliewen, an Amsterdam ouni d'Coffeeshops wier wahrscheinlech och net dat selwecht. All Stad huet sou bësse seng Spezialitéiten oder seng Monumenter, déi se weltberühmt maachen. Mee wësst Dir, firwat dës 10 Stied bekannt sinn?

16/01/2020 10 bekannte Stiede, mee firwat...?

Mëtt 1947 soll en UFO an der Géigend vun der klenger amerikanescher Stad, Rosswell, ofgestierzt sinn, de sougenannten Roswell-Tëschenfall. Fir de 60. Joresdag vum Tëschenfall huet d'45.000 Awunner Stad souguer en UFO-Festival organiséiert.

Hutt Der schonn eng kéier vun Eisleben an Däitschland héieren. Am Stiedchen, dat am Bundesland Sachsen-Anhalt leit, ass 1483 de Martin Luther op d'Welt komm.

Wacken a Schleswig-Holstein wäert wuel villen Metal-Fans e Begrëff sinn. Schliisslech kommen all Joer am August bis zu 70.000 Metal-Fans aus aller Welt op de grousse Wacken Open Air Festival. An dobäi wunnen am Duerf nëmmen eng Ronn 1900 Mënschen.

© Pixabay

Detroit ass eng vun de geféierlechsten Stied an den USA. Ma awer kommen all Joer Dausende vu Leit op "Detroit Motor Show". An der éischter Halschent vum 20. Jorhonnert war d'Stad am Michigan den Haaptaangelpunkt vun der amerikanescher Autosindustrie. An der zweeter Halschent vum Jorhonnert ass d'Imperium ënnergaang an ëmmer méi Awunner sinn aarbechtslos ginn. Aarmut an Kriminalitéit sinn zum Alldag ginn.

Bleiwe mer an den USA. Philadelphia ass net nëmme Kéis, deen ee sech op d'Kuuscht schmieren kann. 1776 goufen hei d'Vereenegt Staaten vun Amerika gegrënnt, mat der Onofhängegkeetserklärung vum Thomas Jefferson.

© Pixabay

Quantico ass net nëmmen eng amerikanesch Serie, mee et kann engem awer en Indiz en Indiz ginn, wisou d'Stad Quantico bekannt ginn ass. Zu Quantico ginn nämlech zukünfteg FBI-Agenten ausgebilt.

Ee Balkon geet duer, fir dass dës Stad berühmt ginn ass. Ma et ass och net egal wiem säi Balkon. Zu Verona am Norden vun Italien kann een nach haut um berühmten Balkon vum Juliette stoen, wou et dem Shakespeare seng berühmte Wieder seet. Cut "Romeo, oh Romeo" - "Romeo, oh Romeo, wisou bass du Romeo?"

Genf ass net nëmmen bekannt als eng vun den deiersten Stied weltwäit, mee hei steet déi gréissten Maschinn vun der Welt, den Teilchenbeschleuniger vun der Firma CERN.

© Pixabay

Net manner fir spektakulär fir déi Zäit, war d'Titanic. Dat gréisste Schëff, dat deemools gebaut gouf. Den 10. Abrëll 1912 start d'Schëff zu Southampton a Groussbritannien fir seng éischt grouss Rees a Richtung Amerika. Leider koum et ni do un. Déi mannste Leit wëssen awer, dass d'Schëff zu Belfast an Nordirland gebaut gouf.

Wësst Dir eigentlech vun wou den Sindbad ass? De Sindbad, deen um Mier schafft, an d'Figur aus dem Märchen "1000 und eine Nacht" ass, ass eigentlech zu Bagdad doheem. D'Haaptstad vum Irak ass also net nëmmen bekannt wéinst dem Krich an der Zerstéierung.