Touriste ginn et zu London definitiv genuch. Ma déi hale sech meeschtens nëmmen am Zentrum vun der Metropol op. Dat kéint sech elo awer änneren. Brent, e Véirel dee bëssen ausserhalb läit ass dëst joer the place to go. Julie Mathes. 

16/01/2020 Neien In-Véirel zu London: Brent

Dee weltbekannten Wembley-Stadion steet hei zu Brent a gëtt all Joer vu Millioune vu Leit besicht. De Rescht vun der Géigend bleift awer dacks oninteressant. Dat soll dëst Joer anescht sinn. Duerfir ass de Quartier dëst Joer nämlech als "Borough of Culture" ernannt ginn. Sou sollen zum Beispill Evenementer wéi de Reggae-Festival Touristen aus dem Zentrum fort op Brent lackelen.

Deen europäesche Reggae ass nämlech zu Brent gebuer. Wann een hei duerch d'Stroosse leeft, héiert een déi soft Reggae Musek aus all Eck kommen. Fir dësen, a vergiesse gerodene, Véirel erëm an de Virdergrond ze setzen fënnt hei ufanks Oktober den "Harlesden Bass Weekender" statt. Hei stinn da Sänger, wéi den General Levy oder Big Zeeks op der Bühn.

Brent gëtt och nach "Melting pot" genannt. Et ass ee multikulturelle Véirel, dee schonn ëmmer beléift bei Immigrante war. Duerfir ginn hei och iwwer 140 Sprooche geschwat. Ma zemools d'Iren a spéider och d'Inder hunn sech hei ugesidelt.

Och wann Brent heiansdo mat engem negative Status quotéiert ass, engagéieren sech Prominenter, wéi de Fussballstar Sterling an d'Bestseller Autorin Zadie Smith fir dëse Quartier ze ënnerstëtzen. Sou huet d'Schrëftstellerin och verrod, dass am Hierscht de Kiln Theater eng Premiere vun hirem Solo Stéck opféiert.

London ass virun allem fir seng Vilfalt an Dynamik bekannt. Déi vill verschidden Kulturen, Reliounen a Perséinlechkeeten, déi een zu London huet maachen d'Stad sou eenzegaarteg. Brent stécht hei souguer nach méi eraus wat seng Villsäitegkeet ugeet. Ob dat d'Reggae Butteker, déi iresch Pubs oder d'Curry Imbisser sinn. Hei ass fir jiddereen eppes dobäi.