Haut ass den internationalen Dag wou ee mat senge gudde Virsätz soll briechen. Vill motivéiert Leit hu sech op Silvester gutt Virsätz geholl. Vill Leit hunn och schonn erëm opginn. Ass bei Iech nach eppes dovunner iwwreg? Wann net, ass dat net schlëmm.

17/01/2021 Op den Dag: Äddi gutt Virsäz!

Et soll een op deem Dag éierlech mat sech selwer sinn.
Villäicht kennt der dat Gefill beim Gedanken un déi gutt Virsätz. Dacks ass et kee ganzt gutt. Et kann awer och doru leien dass mer eis am Virfeld schonn d'Fro stellen op een dat ganzt och ëmgesat kritt.
No méi wéi 16 Deeg am neie Joer gëtt et bestëmmt deen een oder aneren dee seng Problemer mam Ëmsetzen vun de gudden Virsätz huet. Wat sinn iwwerhaapt déi klassesch gutt Virsätz: Méi Sport ze maachen, méi gesond z'iessen, ophale mat fëmmen, méi dacks der Famill unzeruffen, méi frëndlech ze sinn oder all Dag eppes Guddes ze maachen. Ofhuelen, de Stress reduzéieren oder manner ze drénken sinn och nach beléiften Ziler.
Saachen déi ënner Ëmstänn lästeg kënne sinn. Abee haut ass den Dag fir domat ee fir allemol opzeraumen, de Fall gesat dir sidd es scho midd mat Äre gudde Virsätz.
Grënn fir dass een schonn d'Flemm mat dësen huet kënnen ënnerschiddlech sinn: Wien sech ze vill vir hëlt, oder Virsätz just aus enger Laun eraus definéiert deen huet gutt Chancen, dass et net klappt.
D'Ausdauer ass dee wichtegste Faktor. Déi amerikanesch Psychologen Alan Marlatt an Elizabeth Miller vun der Universitéit vu Washington hunn erausfonnt, dass et bei bal kengem méiglech ass déi gutt Virsätz direkt bei der éischte Kéier ze packen. Meeschtens muss een e puermol domadder ufänken. D'Pillippia Lally vum University College zu London behaapt esouguer, dass et an der Moyenne 66 Deeg dauert bis sech nei Gewunnechten etabléiert hunn. Fir dass dat awer geschitt muss een d'Gewunnecht all Dag praktizéieren. Wien déi Ausdauer net huet, deen ass, wéi een sou schéi seet, "Zum Scheitern verurteilt"
Um Enn huet déi ganz Saach awer och eppes Guddes. Wie seng Virsätz iwwer Bord gehäit, dee muss net méi all Dag e schlecht Gewëssen hunn. Oder d'Gefill hunn, dass den Däiwel mam Fanger op ee weist wann ee sech net un dat hält wat een sech virgeholl huet.